Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

An den Anden

 
An den Anden
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.05.2015
  • Gekuckt:
    23263
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1400x570
  • Späicherplaz:
    792 KB
  • Originaldatum:
    2015:04:11 13:14:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83155]
Kommentar vum Fotograf:
Um peruaneschen Altiplano an der Géigend vu Cusco
klick och w.e.g
pixelman 26.05.2015 - 08:39
wonnerbaar Landschaft !
mischii 26.05.2015 - 11:05
Freet mech wann et Dir gefällt René
Paul-H 26.05.2015 - 10:42
Super schéin !
mischii 26.05.2015 - 11:05
Merci Paul freet mech
Miau 26.05.2015 - 11:03
Schéin mischii, Sehnsucht...unhappy
mischii 26.05.2015 - 11:04
Merci Willy, ech kann Dech gutt verstoen
Jacques 26.05.2015 - 11:15
Eng wonnerbar Landschaft!
mischii 26.05.2015 - 11:25
Jo et ass wierklech impressionant do.
Freet mech Jacques an och en décke Merci fir de Fav
Charly_Ente 26.05.2015 - 12:03
Do kritt een Loscht fier rem zereck... Wonnerbar dei do!
mischii 26.05.2015 - 17:32
daat gleewen ech Dir direkt
Merci Charly
Scyv76 26.05.2015 - 15:36
Do muss ech och nach eng kéier zeréck. Fantastesch Landschaft. Déi emwerfend Wéit ass schon grandios. Ech huelen un du hues den Zuch geholl von Cusco bei den Titicaca-Séi ?
mischii 26.05.2015 - 17:31
Merci Yves, wanns du schon mol do wars wees ech, dass sou Wäitblécker einfach fir ëmmer am Kapp festgehaale sinn,
et schnaapt een no Loft fir ze ootmen, a fir alles matzekréien, et ass einfach baal net gleewbar waat een vu Natur gesäit
nee ech war net mam Zuch ënnerwee, ech war an engem Grupp a mir haaten ëmmer perséinlech lokal Bussen a Guiden.
Bussen ok, männlech Guiden ok, weiblech Guiden schrecklech, hun all just aus hierem perséinleche Liewen erzielt an ëmmer gehetzt fir en Tour fréi färdeg ze maachen, daat huet dann munchmol geheescht: Japanfotostop ,Vamos, vamos!!! Do haas de kaum Zäit fir d'Camera auszepaaken, geschwäiss fir d'Objektiv ze wiesselen.
Et war ëmmer gutt wann Toiletten um Site waren, dann haat een e bessi Zäit wann een sech net an d'Rei gestallt huet. smile
Scyv76 28.05.2015 - 20:13
Ah okay, interessant ze wessen. Mir haaten virun 2 Joer och lokal Guiden mée Streck teschent Cusco an dem Titticacca haaten mir mam Andenexpress gemaach. Ech hun mir deemols op alle fall gesoot dass et secher net déi läschten kéier do an der geigend wor, d'anden sin einfach onbeschreiwlech schéin mat deenen Wàitblecker wéis du och geschriwwen hues.
Jeanny 26.05.2015 - 17:06
wat eng herrlech Landschaft a Foto.
mischii 26.05.2015 - 17:10
merci Jeanny, do ass een einfach hin an ewech, an am Kapp bleiwen dës Erënnerungen am Panoramaformat laang setzen.
mischii 26.05.2015 - 18:42
iergend eng Kéier kréien ech dech mat Jeanny!
Merci
Schluck 26.05.2015 - 21:39
Herrlech Landschaft Mischii
mischii 26.05.2015 - 22:48
stëmmt, d'Fléien ass zwar laang bis dohin , awer guer net sou schlëmm
closed_eye
Merci Schluck
mischii 26.05.2015 - 22:47
.
jorsch 30.05.2015 - 09:04
Eng immens Landschaft a wollekeverhaange gefält se mer besonnesch gutt!
mischii 11.06.2015 - 15:02
merci jorsch, ech hunn et genoss
gtaddei1 31.05.2015 - 19:05
Eng flott foto an verschaffung , waat net emmer einfach ass am Color
mischii 11.06.2015 - 15:03
Merci Gennaro, freet mech wann se Dir gefällt
bensphotography 01.06.2015 - 10:41
Supper Foto. d'Zesummespill vun giel an bring gefällt mer immens gudd
mischii 11.06.2015 - 15:02
2x en décke Merci Ben

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 291 Gäscht online