Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Krangebeier zu Köln II

 
Krangebeier zu Köln II
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (08.06.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.06.2015
  • Gekuckt:
    32587
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/4000, 1/12
  • Blend:
    f 2.8
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x1107
  • Späicherplaz:
    938 KB
  • Originaldatum:
    03.06.2015
  • Fotoapparat:
    Canon 450D
  • Programm:
    manuell
  • Objektiv:
    Sigma f 2.8-4 17-70mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Digital Art »» Architektur
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83310]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach eng Kéier d'Krangebeier probeiert symmetresch ze fotografeiren wei den Paul-H et virgeschloen hat. Fir alles gudd ausgeliicht ze hun hun ech puer Fotoen geschoss matverschiddenen F-stops fir herno en Hdr drauß ze bastelen. Leider hun d'Wolleken sech ze seier beweegt, sou datt ech immensen ghosting krut deen net ze emgoen war. Dofir hun ech mech dann entscheed en long exposure ze "faken" andeems ech verschidden Blurmethoden mateneen kombineiert hun, fir den Ghosting wegzekreien. Sinn keen Profi waat Laangzäitbeliichtung ugeet an wees dofir och net, op een direkt erkennt op et en fake ass oder net :)
Schluck 08.06.2015 - 18:43
Fannen ech ganz gelongen vum Résultat, flott Perspektiv, Bildopbau an Faarwen. Sinn lo keen Architekturspezialist mais mir gefällt se ganz gudd
bensphotography 08.06.2015 - 19:05
Villmols Merci Schluck smile
Nicole 08.06.2015 - 19:21
ech kann mech do dem Schluck uschléissen, mir gefällt se och
bensphotography 08.06.2015 - 19:29
Merci Nicole smile
Paul-H 08.06.2015 - 20:21
Also, ech erkennen den "fake" net, aanerer vleicht schon, ech wees et net. Op jidfer Fall, wann een Deng Beschreiwung sou liest, hues de alles gin fir e gudd Resultat ze kréien. Mir gefällt se vill besser wéi Deng éischt, eben wéinst der Symetrie. Ass jo flott wanns de do studéiers an emmer rem kanns zrèck fueren smile
Si kippt allerdings e bessen no hannen, ech hun lo mol hei bei mir am LR einfach mat "upright auto" versicht an daat gesäit dann nach méi "stemmeg" aus. Mee: Ech wees net waat et ass, obwuels De offensichtlech genau an der Mett vun deem engen Gebäi stungs wierkt et wéi wann déi aaner zwee net am selwechten Wenkel gebaut sin. D'Distanz teschent de Gebeier schengt mer déi selwecht ze sin. Bass de hei op d'Limiten vun der Objetivkorrektur gestouss oder erliewen ech eng optesch Täuschung, ech wees et net. Vleicht kann een aaneren hellefen deen daat heiten liest ?
bensphotography 08.06.2015 - 20:43
Merci fir den Feedback Paul. lo am LR gesinn ech ganz kloer den Ennerscheed an hun et och direkt verbessert, mee wourunner erkennt een daat dann wann een just sou o pd'Foto kuckt? un den sougenannten "stürzenden Linien" beim Waitwenkel?
d'Gebeier stinn schon zimlech parallel zueneen, mee menger Meenung no wierkt daat just sou, well se awer wait auserneen stinn, sou datt een d'Saiten och gesait smile
Paul-H 09.06.2015 - 10:28
Fir op Deng Fro ze entweren: Jo, vergläich déi aal Versioun mat deser: Bei där aaler kippen déi zwee Gebäier op der Säit no bannen, daat sin "stürzende Linien". Bei der neier quasi net méi.
Jeanny 09.06.2015 - 06:14
kennen déi Gebéier aus dem Krimi " Soko Köln" smile
si kee Profi vun der Archit. Foto, awer mengen Aen gefallen se, eng flott Stëmmung a gutt Aarbecht vun dir.
bensphotography 09.06.2015 - 10:10
Villmols merci Jeanny smile
marker 09.06.2015 - 10:16
Gefällegt Bild. Gutt esou..!!
bensphotography 09.06.2015 - 11:05
Villmols Merci marker smile
bensphotography 09.06.2015 - 11:05
Villmols Merci marker smile
Jacques 09.06.2015 - 16:52
Gefällt mer vill besser wéi déi eicht!
bensphotography 09.06.2015 - 16:58
Villmols Merci Jacques!
jorsch 09.06.2015 - 21:05
Ech fänken u mech un d'dramatesch Stëmmungen an denge Biller ze gewinnen. smile
Di hei gefält mer ganz gutt, och technesch!
bensphotography 09.06.2015 - 23:00
Merci jorsch smile
MR 10.06.2015 - 04:44
D'Resultat gefällt!
Eng schéin Opnahm Ben.
bensphotography 10.06.2015 - 06:48
Villmols Merci MR smile
STEAL 26.02.2016 - 20:04
Super Perspektive, an schein Bearbechtung, gefällt mir gudd
bensphotography 26.02.2016 - 21:54
villmols merci Steal smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 328 Gäscht online