Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Omelette norvégienne

 
Omelette norvégienne
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.07.2015
  • Gekuckt:
    42463
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    66
  • Beliichtungszäit:
    1/30 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    5.1 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x700
  • Späicherplaz:
    603 KB
  • Originaldatum:
    2015:05:20 12:18:12
  • Fotoapparat:
    DMC-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83694]
Kommentar vum Fotograf:
près du Parc Monsouris, Paris.
Paul-H 16.07.2015 - 23:27
Hmmm, et gett een sech méi fir heiansdo den Ufänger hei ze erklären wéi se et net sollen maachen an dann kennt sou eng Foto vun engem deen schon iwer 7 Joer hei drop ass..., strange Maimonides....
micky-maus 16.07.2015 - 23:40
Genau esou, Paul.... sceptical
Maimonides, waat ass unn Deser Foto esou besonnech ann waat wellst Du eis domat soen....
1. Fototechnesch ?
2. Beim Bildopbau ?
3. Message vum Bild ?
4. BEA ?

M.b.G.: m-m
Maimonides 19.07.2015 - 21:46
Et gett keng méi eng banal Fro, micky-maus,
wéi dës: " wat wëlls du eis domat soën " ?

Ech kéint dech jo och froën:
wat wéils du eis dann mat dëser

My Big Bömpf


soën ?

Vu menger wëll ech Ech iwerhaapt Neischt soën,
well Gedanken muss een sich schonn selwer
iwer eng Foto machen. Gudder oder schlechter.

Et kéint een awer och soën: mir waren do an do
an der Vakanz, oder durch Zoufall hu mir dëst
an dëst gesin.

"Weniger ist mehr" ass awer
nach méi schlëmm, well dann wär
guer Neischt Alles.
Paul-H 19.07.2015 - 22:34
"Weniger is mehr" ass an der Fotografie net steigerbar bis "Näischt".
Maimonides 20.07.2015 - 21:07
Dat sees du, Paul-H

closed_eye
Paul-H 20.07.2015 - 23:26
Jo, daat soen ech.
Maimonides 21.07.2015 - 20:24
Dat engt ass "steigerbar" bis Näischt
an dat anert bis Alles.
micky-maus 21.07.2015 - 00:04
Een Porträä vunn mengem Auto, ann den Jean-Paul huet mier saachlech erklärt waat ze verbesseren ass. Esou soll ett sinn. Bildopbau, Fototechnesch ann BEA hunn ech mier schon Gedanke gemeet. Also normalerweis weisen ech hei keen Kabes wou keen eppes mat ufänken kann. Mecht joo mol keen Senn daats DU selwer mol net op eis froen Äntworten kanns. Zerweiten, Blummenwaasen oder stempelen vunn engem Desch hunn ann mengen Aaen absolut keen Message.
Maimonides 21.07.2015 - 20:22
micky-maus,
du selwer hues di Fro fir d'éischt gestallt:
" Wat wëlls du eis domat soën ? "
Ech hun se just
op deng eege Foto ugewannt,
a bis elo keng Äntwert kritt.

Du siez dech jo elo net selwer,
oder wéi verstinn ech " eis " Froën.
micky-maus 21.07.2015 - 20:29
?????? Hunn joo geäntwort. Ende der Diskusion. Hunn Verbesserungsvirschleih ewei emmer wollen hunn ann se kruut. Deng Antwort ass indiskudabel op main Kommentar. Ann elo äntworten ech op naischt mei hei, Du leisst Dier joo dach naischt soen.
Maimonides 23.07.2015 - 23:58
Dës, micky-maus,

My Big Bömpf 2


ass och kee Fatz besser.
Maimonides 21.07.2015 - 20:49
Du, micky-maus,
misst jo d'Äntwerten op deng eege Froën wëssen.
Maimonides 19.07.2015 - 21:33
Photogen
ass e Site
wou diskutéiert gët, Paul-H.
Ech hun xmol
bewosst
Fotoën eropgelueden
di diskutabel waren.
Kee Mënsch huet réagéiert
a schonn guer keen
huet seng Meenung
schrëftlich
hei hin geschriwen.

Gottseidank ass dës Foto "strange" eriwer komm !
Paul-H 19.07.2015 - 22:29
Ech sen mer bewosst dass Du gären provozéiers, et brauch een nemmen Deng Gallerie ze kukken. Do gett et vill Provokatives. Ech mengen awer net dass et heihinner gehéiert. D'Grënn dofir stin uewen. Et ass schwéier engem Neien hei daat ze erklären.
Maimonides 20.07.2015 - 21:33
Ech provozéieren guer net gär, Paul-H, ech sin just ëmmer erem erstaunt wéi een dënne Pelz d'Leit hun.
Paul-H 20.07.2015 - 23:25
Huet näischt mat engem dennen Pelz ze din. Ech maachen mer just Suergen em desen Site wann sou "aal Huesen" wéi's Du sou Fotoen rop lueden an si bleiwen onkommentéiert.
Maimonides 21.07.2015 - 20:26
Obschonn hei vill gebraddelt gët, huet bis elo nach keen des Foto konkret kommentéiert. Wann dat esou virugeet muss ech dat jo awer dann selwer maachen.
Paul-H 21.07.2015 - 20:48
Maach daat mol.
Maimonides 21.07.2015 - 21:03
1. Vum Sujet hier ass di Foto ouni Intérêt, banal, langweilig. Et ass, am Fong geholl, guer kee Sujet do.

2. Fototechnisch gesin ass de Cadrage schlecht, et weess een net wat ee sol kucken. An rechts ass ee krommt Lach wat duerch d'Verzéihen vum Weitwénkel nach accentuéiert gëtt. Di Fotell am Verglach vun där vis-à-vis ass esou gewisen net diselwicht. De Menu an de Panneau op deem en hänkt si grad esou kromm. An di Fototechnisch Donnéen weisen op e Pragramm hin, deen hei just eng Noutléisung ass.

3. D'Bea ass minimalistisch: e bëssen Saturatioun a geschärft an e bessen um Liicht gekniwelt.

Am Résumé ass dat do eng schlecht Foto, an déi ass och net ze verbesseren well se, wi gesoot, ouni Geschicht, ouni Liewen, ouni Iddi an ouni Intérêt ass. Si kann héchstens nach als schlecht Beispill déngen, Paul-H. An als schlecht Beispill hun ech se gewisen.
Paul-H 21.07.2015 - 22:55
Firwaat schreiws de daat net direkt enner Deng Foto dann wessen d'Novizen hei och direkt wou se drun sin. Titel: SCHLECHT FOTO. An dann Deng Erklärung direkt an de Kommentar.
Maimonides 22.07.2015 - 20:32
Dat wär, zum Beispill, eng Iddi fir en Album opzemaachen: en Album vun exemplarisch schlechten Fotoën, déi awer dann vun aaneren missten kommentéiert gin mat konkrete Proposen fir et besser maachen ze können. An d'Leit géifen dann och léieren Fotoën besser ze kucken. Den Numm eleng vum Fotograf seet nach laang net emmer eppes aus. A mein scho guer net, Paul-H.
Paul-H 22.07.2015 - 23:38
Vollkommen d'accord.
Maimonides 23.07.2015 - 23:34
Du, Paul-H,
brauchs dir
guer keng Suergen
ze maachen,
well dese Site
lieft vun vill ze wéinigen
kritischen Kommentaren.
pixelman 20.07.2015 - 22:49
Daat hun ech schon zënter langem gemierkt, Maimonides. E puer banal Fotoen hei dropgesaat an et get diskutéiert... strange !!!
Maimonides 22.07.2015 - 20:36
Iwer des, pixelman,

!Dës Foto ass net méi am System!

ass op jidder Fall mol nach guer net diskutéiert gin.
pixelman 23.07.2015 - 13:03
Et get déck Zeit, ech hätt eloo gären e puer kritesch an intelektuell héigwärteg Bemiekungen zu där Konservendous !
Maimonides 23.07.2015 - 23:09
Do wärs du nach ganz lang warden, pixelman,
fir een ze fannen deen äntwert .

Di do an den Album.
pixelman 24.07.2015 - 07:45
smile,
Maimonides 20.07.2015 - 21:30
Ech kéint och hei froën, Paul-H:
wat wëlls du eis domadder soën

Cleared to land


?
Paul-H 20.07.2015 - 23:22
Fir et mat Dengen Wieder ze soen: Et muss een sech selwer Gedanken maachen, gudder oder schlechter.
Maimonides 21.07.2015 - 20:32
Meng Gedanken sin hei éischter mitigéiert, obschonn deng Foto reng teschnisch gekuckt exzellent ass. Deen well bal ofgeschniddenen mëttigen Cadrage hues du jo selwer erklärt. An dass de Flieger no vir flitt an d'Beem sich well bal no hannen tässelen ass schonn e klengen Highlight.
Paul-H 21.07.2015 - 20:48
Prima !
Maimonides 20.07.2015 - 21:43
Lies mol d'Kommentarer ënner dëser Foto, Paul-H.

Ee Groréiher mat Wëlls


closed_eye
Paul-H 20.07.2015 - 23:20
Hun ech gemaach éiers Du mir et gesoot hues. Interessant Diskussioun, oder: Jalousie ass näischt schéines.
Maimonides 21.07.2015 - 20:47
Hei ass dann also e Bild wou een den Ufänger exzellent kann erklären wéi si et net solle maachen, Paul-H.
Maimonides 23.07.2015 - 23:39
Ech hun nach net oft gesin,
dass hei een den Ufänger erklärt huet
wéi se et net solle maachen, Paul-H.
Paul-H 24.07.2015 - 00:24
Dach, daat gett et Maimonides. Oft ass wuel relativ mee graad d'Micky-Maus (a meng Wéinegkeet) maachen daat alt mol.
Kukk mol hei:
Rattem-Vue (Differdange)


An deem Fall sen ech souguer 2x mam deCla op den Tour gaangen fir him d'Grondbegreffer e bessen méi no ze brengen. Just fir HIM ze hellefen, net aus irgenengem Eegennotz. 2x e ganzen Nometteg. An ech mengen verstaan ze hun dass hien sech och mol mam Micky-Maus getraff huet.
Besonnesch hien huet sech bei deser Foto vill Méi gin fir Tipps ze gin wéi's de kanns noliesen. Ech kruut iwregens och eng Kéier Tipps vun him, och hien huet sech Zäit fir mech geholl. Deng "interlektuell héichwerteg" Bemierkungen (dixit pixelmann) an Éieren, si sen oft (net emmer) schéin ze liesen, mee et gett, wéis de gesäis och Leit déi een deem aaneren mat vill Asaatz vun Zäit hellefen. Och hei op photogen. An et ass meng wuel iwerluechten Meenung dass graad déi dann och d'Recht hun Dech ze froen waats Du mam roplueden vun deser Foto bezweckt hues. Ech denken mir kennen d'Diskussioun domadder oofschléissen, waat mengs Du?

Maimonides 24.07.2015 - 21:03
"Nach net oft", Paul-H,
ass dat selwicht wéi "Dach, dat gett et".
Fir Gidfereen deen wëllt hëllefen: all Respekt !
Vieleicht gin et där och vill méi wéi ech mengen ?

An engem Album kéint een dat och besser suivéieren.
pixelman 17.07.2015 - 07:43
super Foto
Paul-H 17.07.2015 - 08:43
aha...
Maimonides 19.07.2015 - 21:53
Genau esou, Paul-H.

closed_eye
Maimonides 19.07.2015 - 21:52
Bass du sëcher, pixelman, ?

Merci trotzdem.
pixelman 19.07.2015 - 22:10
Mein Kommentar zu denger Foto ass grad esou trivial wéi eben d'Ausso vun dengem Bild selver, an domadder ass alles am Ekiliber.
Paul-H 19.07.2015 - 22:36
Fir Philosophie gett et aaner Säiten wéi eng Fotossäit. GUER NÄISCHT ass op deser Foto am Equiliber.
Maimonides 20.07.2015 - 21:15
Du weess jo awer hoffentlich, Paul-H,
dass mir hei Fotografisches
missten diskutéieren.
Paul-H 20.07.2015 - 23:28
Genau daat hun ech gemaach: Ech hun geschriwen et wir op där Foto guer näischt am Equiliber.
Maimonides 21.07.2015 - 20:44
Domat kann een Ufänger awer och guer näischt ufänken !
Paul-H 21.07.2015 - 20:50
Du setz also express egaal waat hei drop fir dass en aaneren den Ufänger erklärt waat net gudd ass??? Maach daat léiwer selwer, well Du wees et besser wéi ech.
Maimonides 20.07.2015 - 21:13
Dass deng Ausso trivial ass, pixelman,
ass eben net gutt.
Bis elo huet nach keen gesoot
wéi een dës "Foto"
besser kéint maachen.
Maimonides 23.07.2015 - 23:47
Dein Bild hei

!Dës Foto ass net méi am System!

ass natierlich terriibel, pixelman.
Pit 19.07.2015 - 23:35
Also ech interprétéieren dat mol esou:
Ech kuken deng Gallerie, an dann denken ech:
- wow, ok, super, flott Idee, an dann e beemol 'hää?'
Des Reihenfolleg ass lo en Beispill an soll net mat den Fotoen verglach ginn.
An wann dat esou ass, dann denken ech mer och, tjo, e wollt irgendeppes domadder bezwecken, wees awer net direkt wat.
Mee gudd, et ass eng Foto. Mee trotzdem huet den Paul-H och Recht wann en seet, dat et schwéier get, engem Ufänger seng Fotoen ze kritiséieren, fir dat en besser soll gin, wann en des hei gesait. Dann denkt den sech, dat seng jo awer wéinstens sou gudd ass wéi déi heiten wär, an déi ass jo awer vun engem 'aalen Hues'
Paul-H 20.07.2015 - 13:39
Merci.
Paul-H 20.07.2015 - 13:54
Eigentlech ass et souguer eng Beleidigung fir all déi aaner "aal Huesen" wou sech hei emmer all Méi gin.
Pit 20.07.2015 - 14:41
...
Maimonides 20.07.2015 - 21:20
Also dat do, Paul-H,
ass ouni Niveau.
Paul-H 20.07.2015 - 23:32
Neen, et ass a bleiwt eng Beleidigung fir all déi wou sech hei Méi gin dobäi bleiwen ech. Däin Drang fir d'Leit ze vergackeieren gehéiert net heihinner. Meng Meenung.
Maimonides 21.07.2015 - 20:42
Ech hun nach iwerhaapt keen "vergackeiert", a wann dat bei dir esou eriwer kënnt, da muss du dich froen fir wat, Paul-H.
Paul-H 21.07.2015 - 20:51
Wann Deng Foto eescht gemengt ass dann stellen ech mir zwar Froen.
Maimonides 22.07.2015 - 20:42
Wann nach vill méi Leit sich hei géife Froën stellen, dann géif dëse Site erem méi interessant gin. Am groussen a ganzen gett hei just deen alen Trott verbessert, an dat mat deenen neie Kameraën.
D'Iddiën an d'Fantasie bleiwen oft di al, bis op e puer Ausnahmen.
Paul-H 22.07.2015 - 23:37
Mat sou Fotoen dréis Du zwar och net derzou bäi dass den Niveau hei rop geet.
Maimonides 23.07.2015 - 23:26
Ech soën dir et dann nach eng Kéier, Paul-H:
PG ass e Site wou diskutéiert soll gin.
A ween diskutéiert ?
Kee Mënsch,
ausser mir.
Maimonides 20.07.2015 - 21:18
Och dir, Pit,
soën ech dass bis elo
glaat guer keen
engem Ufänger
di konkret Schlechtigkeeten
vun dëser Foto mi no bruecht huet.

closed_eye
Maimonides 23.07.2015 - 23:18
Et gin nach vill aner aal Huesen, Pit,
an "aal Huesen" heescht guer näischt.
Gidfereen soll sich ëmmer erem nei
wéi jonk Dickelcher beweisen därfen.
Pit 24.07.2015 - 14:26
Ma jo dann, mee wanns de bei eppes Recht hues, dann ass et, datt bei desem Bild op allefall eng Diskusioun stattfond huet...
Maimonides 22.07.2015 - 20:22
Du bass awer mat 43 nach net esou aal, micky-maus,
oder dach ?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 333 Gäscht online