Eng schéin Serie wous du do geknippst hues MsJ!
Bei Nummer 1 war et bestemmt net esou einfach. D'Strukturen an der Mett laanscht den Schiewel sin just op der Limit, bei enger Korrektur no ennen -0,3 oder -0,7 wären d'Strukturen nach besser ze gesin.
Nummer 3 ass mein Fav do geif ech versichen uewen den Aascht deen an d'Bild kennt ze stempelen. Deen stéiert e bessen.
Merci Jacques, hun daat emol geännert, mee ech wees net wéi ech déi ersetze soll, wann ech op Änneren gin, steet do just bei all enzel Foto läschen an net ersetzen. Freet mech, datt meng Serie Dir gefällt, mee muss do nach vill üben, ass eng onüblech Konstellatioun, de flappegen Objektiv mat deem klengen Apparat a merci fir den Tip, man Ascht wosst ech net, weg oder net.
Nr 3 ass och mäin Favorit, schléissen mech dem Jacques un mat senger propose fir den Ascht weg ze stemplen. Nr 1 fannen ech awer och iergenwéi witzeg mat den Bigoudis um Kapp. Flott Série, do muss och mol neess en Kéier hin.
Dir och merci Gemu, hun daat gemach wat de Jacques gesoot huet, mee wéi kréien ech déi zwou Fotoen an der Serie ersat. Do wees ech wierklech net, wéi daat machen
Uiii, elo sutz ech awer op der Leitung, Ascht ass eweg