Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Thoughts about modern art

 
Thoughts about modern art
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.08.2015
  • Gekuckt:
    22658
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/3.8
  • Brennwäit:
    29 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    281 KB
  • Originaldatum:
    2014:10:26 16:02:31
  • Fotoapparat:
    NIKON D600
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=83978]
Kommentar vum Fotograf:
Mäi Jéngsten virun engem Exponat an der Pinakothek der Moderne zu München. Ech weess leider nët wéi dat Wierk hei heescht nach vu wiem et ass. Mais méngem Jong séng Haltung seet genuch, fannen ech mol...
MsJarryman 12.08.2015 - 15:21
E flott Faarwespill, gefällt mir richteg gutt.
Nicon07 14.08.2015 - 18:33
Merci! Jo, dat huet séch gudd getraff, datt mäi Jong grad ee bloen T-Shirt unhat fir bei dem orange Glas do! smile
gtaddei1 12.08.2015 - 19:41
Mäin Buf haellt och eng aenlech Haltung ... an seet mir: " papp , ech verstinn d'Modern Konscht net emmer " ...
Tjo ... ech mengen dass all Auteur säin thema huet ... an et muss een et kennen ... fir d'oeuvre'n ze verstoen
Maimonides 12.08.2015 - 20:39
Dein Bouf, Gennaro,
huet jo dann gesoot:
" ech verstinn di modern Konscht
nët ëmmer " .

" Nët ëmmer " ass vir mech
an där Ausso d'Schlësselwuert,
well du, an ech och
verstin se och net

ëmmer.

closed_eye
gtaddei1 13.08.2015 - 17:04
absolut richtesch ... an et ass grad daat waat mech bei der Moderner Konscht absolut faszineiert ... daat net verstoen ... hmmm ... jo net verstoen kennen well et oft just nemmen evident ass ... ewé!i eben d'Wourescht ...
Maimonides 13.08.2015 - 20:48
Well wann een ëmmer
Alles géif verstoën, Gennaro,
wär d'Liewe langweilig:
Fantasie wär iwerflëssig,
Emotiounen giffen et och keng mi.
Alles wär rational geplangt:
quelle horreur !

closed_eye
gtaddei1 14.08.2015 - 17:49
oh ben ça! tu ne me verras pas en désaccord ... avec tes paroles et conceptes exprimés
Nicon07 14.08.2015 - 18:32
Lo war ech een oder zwee Deeg hei offline, an da verpassen ech grad eng flott Diskussioun... closed_eye

Recht hutt dir zwee. Mais erlabt mir eng aaner Fro ze stellen! Verstitt dir dann di "aal" Konscht ëmmer? ... Ech nët.

An da kommen ech onweigerléch op de Punkt, datt ee Konscht nët verstoe muss. Wann ee vun hier beréiert gët, - ob am positiven oder negative Sënn ass am Fong eess wi eess -, dat geet duer. Wat séch dann an engem séngem Kapp ofspillt, dat ass d'Essenz vun all Konscht, sief et "l'art pour l'art" oder "l'art pour transmettre un message", peu importe!

Merci iech zwee fir di flott Gedanken!
jorsch 17.08.2015 - 21:20
D'Spill mat de Faarwen an d'Haltung vun dengem Jong virun der moderner Konscht gefalle mir ganz gutt.
E flott Bild dat mir gefält!
Nicon07 18.08.2015 - 01:18
Merci, Jorsch. Et ass scho flott geweischt, datt mäi Jong frou mat Blo ass, an datt dee "Cube" do an der Mëtt vum Raum eng orange Verglasung hat.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 437 Gäscht online