Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

into the sky

 
into the sky
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.08.2015
  • Gekuckt:
    26291
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    81/1 sec
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    27 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    649 KB
  • Originaldatum:
    2015:07:28 15:30:41
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=84031]
Kommentar vum Fotograf:
D'Beem wuesse jo bekanntlech net bis an den Himmel, awer wéi ass dat mat de Banken?

Deutsche Bank, Frankfurt
Jean-Jos 17.08.2015 - 21:57
an d'Geld ass volatil. . .
einfach genial!
jorsch 18.08.2015 - 19:37
Villmools Merci jean-Jos!
FraSi 17.08.2015 - 23:27
Sehr tolle Bea mit dem Wuschhimmel und toller SW-Umsetzung & Bildgestaltung!
- Da freut sich die Frankfurterin. smile
jorsch 18.08.2015 - 19:39
Wenn sich die Frankfurterin über mein Bild freut, dann freut das mich ganz besonders! smile
Danke dir!
Silex 18.08.2015 - 09:16
Jorsch, super Bild! Ech hun de Stil immens gär. Flotten, einfachen Bildopbau matt passenden Kontraster.

D'Banken wuessen iwrigens och net méi an den Himmel!
jorsch 18.08.2015 - 19:41
Merci Silex, schéi vun dir ze héieren!
Ech si frou fir dëse Kommentar an de Fav. vun dir!

Sinn lo och berouegt wat d'Banken ubelaangt! smile
Zora 18.08.2015 - 09:28
An Spiegelung am Gebäi ass daat genialst, super flotten SWclosed_eye
jorsch 18.08.2015 - 19:43
Merci Zora, fir de Kommentar an de Fav.
Ouni Spigelung wier d'Bild e bësse fad.
pixelman 18.08.2015 - 10:02
excellent duergestallt, super grafeschen Effect !
jorsch 18.08.2015 - 19:44
Villmools Merci pixelman!
marker 18.08.2015 - 10:17
..richteg gutt presentéiert jorsch. D'Perspektiv ass ganz gutt gewiélt an SW-Ëmsetzung fannen ech exzellent..!! fir mech ee Fav. closed_eye
jorsch 18.08.2015 - 19:45
2x Merci gesot marker, freet mech wann d'Bild dir esou gutt gefält.
Miau 18.08.2015 - 11:42
Super SW jorsch
jorsch 18.08.2015 - 19:45
Merci Miau!
Sutebe 18.08.2015 - 14:52
Schein verabeschtung .. gefaelt me
jorsch 18.08.2015 - 19:45
Merci Sutebe.
Pit 18.08.2015 - 15:19
Perspektiv an Linnenféierung an dat ganzt am SW gefalen mer ganz gudd. Flott emgesat.
jorsch 18.08.2015 - 19:45
Merci Pit.
gtaddei1 18.08.2015 - 22:04
Flott kompo, flotte sw... Mee dei 2 gebaier verleieren sech am
Himmel an hun weinesch presenz... Oder villeicht net genuch... Mee do zielen ech ierbsen...
jorsch 19.08.2015 - 11:23
Merci gtaddei1, ech si frou iwwert deng éierlech Kommentarer! Nëmmen dat bréngt ee weider!
Zum Bild:
Di zwee Gebaier sinn net wierklech architektonesch attraktiv, et huet een d'Gefill datt hei nom Motto "méiglechts riicht a méiglechst héich" gebaut ginn ass. Ech hu versicht dëser relativer Monotonie duerch eng dynamesch Kontrastveraarbechtung entgéintzewierken. Mee dat schéngt jo net alles gerett ze hunn ... smile
Abacab 20.08.2015 - 15:00
Esou wéi's du se eis hei presentéiers, fannen ech se awer schonn architektonesch attraktiv!

Eng immens Perspektiv, an d'Laangzäitbeliichtung brengt eng gewëssen Dramatik an d'Bild, gefält mer ganz gutt!
jorsch 21.08.2015 - 19:01
Merci Abacab, si ganz frou datts du dat esou gesäis!
Conley 23.08.2015 - 00:47
Also ech sinn op allefalls begeeschter vun där schéiner BEA! Awer och vun där gudder Ausgangs Foto, ouni déi BEA iwwerhaapt net méiglech wier!
jorsch 23.08.2015 - 19:37
Villmool Merci Conley, fir de Kommentar an de Fav.!
Ech hunn hei zwou identsch Laangzäitopname gemaach: eng normal beliicht ( 194 Sek. ) fir d'Gebäi gutt eraus ze kréien, eng ënnerbeliicht ( 81 Sek. ) fir den Himmel ausdrocksstaark ze hunn. Duerno war et just nach eng Saach vu Fusioun vun deenen zwee Clichéën.
Conley 23.08.2015 - 21:28
Op déi Idee muss een emol kommen. Bei der Foto Le Château hat ech een IR an zwee ND Filteren drop fir den Himmel an't Waasser mat enger Foto hin ze kréin. Merci fir d'Erklärung jorsch!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 293 Gäscht online