Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aurora Explosioun

 
Aurora Explosioun
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2016
  • Gekuckt:
    26499
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    999x1500
  • Späicherplaz:
    861 KB
  • Originaldatum:
    2016:02:09 03:22:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Chance, kee Schlof, an awer iergendwéi och e Stativ.

Fir anzesetzen: [pg_img=85575]
Kommentar vum Fotograf:
Hei ass eng vu menge perséinleche Lieblingsfotoen aus enger laanger Nuecht. Vu datt d'Aktivitéit héich gemellt war, si mer owes schonn op eng éischt Plaz gefuer fir der ze gesinn. Nodeem déi éischt schonn net schlecht waren si mer awer nach op eng aner Plaz gefuer, wou dunn iergendwann se ganz staark ginn ass. A well mer sou beschäftegt waren dermat Fotoen ze maachen, mer awer och um 5 Moies hu musse fort fir op de Fluchhafen, hu mer déi Nuecht net geschlof. Mee et war absolut der wärt.
tormi 16.02.2016 - 16:01
Spektakulär, deen Asaatz huet sech gelount
Johny 17.02.2016 - 09:06
Merci, an dat stëmmt effektiv smile
Locke 16.02.2016 - 16:11
i like
Pit 16.02.2016 - 18:38
Di doten ass herrlech an den Faarwen, och den Bildopbau wees ze gefalen.
Johny 17.02.2016 - 09:07
Se sinn zwar schwéier anzeschätzen, mee ech hunn hei wierklech och express se sou kadréiert dass den een deel dee bëssi wéi e Reebou ausgesäit uewe riets an den Eck geet smile Merci.
STEAL 16.02.2016 - 21:36
einfach nemmen schein
rullj 16.02.2016 - 22:45
Super Foto.
mischii 16.02.2016 - 23:47
daat war awer wiirklech derwärt eng Nuecht duerchzemaachen.Genial.
Ech hun d'Mëtternuechtssonn zu Reine erlieft, daat war en eemoolegen Spektakel, mee ech gesinn, ech muss am Wanter eemol zréck.
D'Nuechten sinn also am Wanter wéi am Summer nie langweileg fir d'Fotografen,
et heescht also am Daag schloofen closed_eye (do ass souwisou meeschtens Reen an Niwwel)
Johny 17.02.2016 - 09:10
Ma mir hunn dat selwecht ëmgedréint geduecht, also dass mer och am Summer mol missten dohinn smile Ech menge béides ass eng Rees wärt. Wann ee fir de Wanter geet muss ee just gutt oppassen, well sou vill mam schlofe mëttes gëtt et net: D'Sonn ass bei eis (den éischten Dag) um 9:20 opgaang, d.h. ab 8 war d'Luucht gutt fir Fotoen ze maachen, a mer ware bis 11:30 amgaang. Duerno géint 14 huet d'Luucht scho rem ugefaang schéin ze gi well um 15:30 Ënnergang war. Dat ass dann och schéi bis 17 ongeféier, dann bëssen Zäit fir eppes z'iessen an duerno besteet schonn d'Chance fir Nordliichter.. Och mam Wieder hate mer gréisstendeels Chance. Iergendee Choix misst (!) ee maachen a mir hu kee gemaach, dofir ware mer net ganz topfit de ganzen Dag fir rëm heem an hunn duerno och nach 2 Deeg gebraucht fir eis ze erhuelen tongue
No_Saint 16.02.2016 - 23:47
Excellent,
Ech mengen Du hues bei dëser Rees fotografesch keng Kompromisser gemeet an e Maximum a Biller ëmgesaat, esou soll ët sinn !!
Johny 17.02.2016 - 09:11
Mol nach net ganz, mer (also de Marc an ech, déi alle béid dohi waren) gesinn nach vill Potential fir weider schéi Fotoen - anescht gesot mer mussen zréck closed_eye Et freet mech natierlech trotzdem wann d'Resultater gutt ukommen!
Fuuss 17.02.2016 - 00:43
Superb! D'Foarwen, d'Formen, d'Reflexiun om Waasser/Äis...alles passt.
Johny 17.02.2016 - 09:12
Et ass "just" Waasser, Äis war do keent - dofir op anere Plazen closed_eye Merci!
ornitho 17.02.2016 - 22:38
Wahnsin, schéin gewielten Perspektiv, Boreale zitt sech deurch hier geschlengels schéin an deift vum Bild ! Top !
Nicon07 18.02.2016 - 08:27
Ob een elo ob engem Fuesbaal d'Nuecht durch mécht oder fir d'Aurora ze fotograféieren, ech weess nët, wat do méi een héiche kulturelle Wert Wert huet, a wat vun deenen zwou Saachen deen Androck hannerléisst, deen een nët mi vergësst... closed_eye
Johny 18.02.2016 - 09:15
Also wéint engem Fuesbal hunn ech op alle Fall nach ni eng Nuecht duerch gemaach tongue
gtaddei1 18.02.2016 - 15:34
D'nat8ur schenkt oft oniresch Scheinheeten
jorsch 18.02.2016 - 17:01
Fantastescht Bild!
FraSi 20.02.2016 - 17:40
Das muss ein Erlebnis gewesen sein! Begeisternde Aufnahme!!
Infinity-Photo 21.02.2016 - 20:30
Daat ass wuel main Favorit, déi ass tiptop !! Déi Nuescht waerts du wuel net vergiessensmile Mir perséinlech giff se awer na besser gefaalen, wann ennen bei da Aurora daat "Gielt" bessen manner wier, also evtl d'Saturatioun op daer Plaatz bessen roofdréinen.
Johny 21.02.2016 - 21:08
Ech weess wat s de mengs, well ech hunn do scho Saturatioun an bëssen Hellegkeet eraus geholl smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 284 Gäscht online