Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

2 natierlech Spektakelen

 
2 natierlech Spektakelen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.02.2016
  • Gekuckt:
    26546
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/3.2
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    1031 KB
  • Originaldatum:
    2016:02:08 22:52:41
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon 16-35 f/2.8
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=85578]
Kommentar vum Fotograf:
Hei déi lescht vun den Aurora-Fotoen déi ech erop lueden. Wéi ech scho geschriwwen hat enzwech anescht, hunn ech ëmmer déi Fotoe bewonnert wou d'Mëllechstrooss + Nordliichter drop waren, dofir hunn ech mech hei drop konzentréiert all béid mateneen op enger Foto ze hunn.
icylady 17.02.2016 - 18:02
déi gefällt mir besonnesch guddsmile
well d'Reihenfolleg vun den Téin sou immens passend un Land an dann an den donkelen Himmel iwer geet, an dann déi vill Stären, immens
daat muss eng wahnsinneg schéin Rees gewierscht sinn,
Johny 17.02.2016 - 22:12
Et war eng kuerz, ustrengen mee wonnerschéi Rees, jo smile
ornitho 17.02.2016 - 22:35
Wonnerschéin Johny !

Hat vun engem azielt krutt dass dei Borealen knapps mam bloussen Ae ze erkennen wieren, an dass op deenen meechten Biller Saturatioun mega gepuscht wir ? Wei heus Du dei an Wieklechkeet empfond ? Get Foto dat erem waste gesin hass oder misste do no helefen dass dei esou Farwprächteg erauskommen ? Well wert demnext och an e Land fleihen wou een se kann gesin, an hoffen dass ech net entäuscht gin vun da realiteit smile Vun dohier och meng Froh dozou smile

Vir de Recht, wonnerbar Biller heuse geschoss smile !
Johny 17.02.2016 - 23:39
Déi éischt puer déi mer gesinn hunn déi ware sou schwaach dass een net konnt soen "do liicht et gring". Ech hunn déi gréng Faarf sou just ganz liicht erkannt, déi aner déi bei mer waren awer z.B. net, d.h. och do hänkt et bëssen dovun of wéini deng Aen schlussendlech vu Faarf op S/W ëmstellen owes tongue Beim Sichen däerf een op kee Fall no gringem Liichte sichen, et gesäit éischter aus wéi en hellgrot Liichten mat eventuell gringem Toun, wann se dann schwaach ass (se fänken sws alleguer schwaach un). Mat der Zäit gi se dann eventuell méi staark sou wéi dës, an dann erkennt een allerdings och mam bloussen Aa déi gring Faarf ganz kloer. Trotzdem kënnt et op de Fotoen méi staark eriwwer - awer ganz ouni dass ee selwer pusht!

Dat ass einfach duerch déi laang Beliichtung dass de Sensor och méi gring Luucht afänkt.

Déi aller-éischt déi mir gesinn haten, an der éischter Nuecht, huet wierklech just ganz bësse gring ausgesinn, d'5D an de Liveview geschalt do huet een dat gringt Liichten awer schonn direkt erkannt. Dat war dës hei: https://www.facebook.com/photo.php?fbid=1020872527...

A vläicht hëlleft dat hei (eng méi detailléiert Erklärung vum ganzen Trip) der och nach bëssen: https://www.agst.co/stories/111fbc65-d5fb-4c62-bd8f-541dd4ec1cae smile
ornitho 18.02.2016 - 07:52
Merci vir Deng ausfeierlesch Aklärung Johny smile Ma dat wor mir wichteg ze wessen dasset ouni pushen vun de Farwen genau esou spektakulär nach ausgesait smile

Gespannt op de Recht vun dengen Biller schon, hoffen du heus da nach peur deiste hei weisen wärs smile
Johny 18.02.2016 - 12:42
soss lueden ech der lo zwar net méi vill rop, an der story déi ech verlinkt hu gesais de déi wichtegst all closed_eye
ornitho 18.02.2016 - 13:07
Super closed_eye
Nicon07 18.02.2016 - 08:22
Mir gefällt hei besonnesch dee fléissenden Iwwergang vun der Mëllechstrooss an d'Aurora , déi hirersäits an d'Wollécken iwwergeet, an dat Ganzt an sou eng "Z"-(Zorro)-Schwong.

Super!

Zousaatzfro: Hues du ee Matzéihmoteur un déngem Stativ, oder sin d'Stären exra fir déch stoe bliwwen?
Normalerweis kritt een dach bei 30 Sekonne Beliichtung scho Stäresträifen...
Johny 18.02.2016 - 09:14
Bei der Brennwäit gesäit een d'Beweegung lo net sou staark an de Stären, mee wann ee se am grousse kuckt gesäit een awer kloer dass déi och net fir mech stoe bliwwe sinn smile

Merci fir däi Kommentar.
gtaddei1 18.02.2016 - 15:40
ganz flott mat 30 sec expo

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 425 Gäscht online