Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dégradés,

 
Dégradés,
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.03.2016
  • Gekuckt:
    29311
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    38
  • Beliichtungszäit:
    1/20 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x600
  • Späicherplaz:
    466 KB
  • Originaldatum:
    2016:03:19 16:08:07
  • Fotoapparat:
    DSLR-A100
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=85825]
Kommentar vum Fotograf:
a guer neischt schaarf.
sandra_point 26.03.2016 - 14:42
Hmm, mir gefällt déi hei net sou gudd, well ech, soen ma sou, net vill gesinn aus dat d Foto onschaarf ass. An se kippt och nach liicht no lenks, nee?
Maimonides 29.03.2016 - 21:17
Si kippt, sandra_point.
Zora 26.03.2016 - 16:53
an virun allem daat bloot, daat ass et closed_eye
Maimonides 29.03.2016 - 21:19
Dat kéint ee mol esou gesin, Zora.

closed_eye
gunman 26.03.2016 - 18:16
an ech fannen se och guer net gutt
Maimonides 29.03.2016 - 21:23
Bass du sëcher, gunman ?

closed_eye
rabbit 26.03.2016 - 18:29
dat gëtt bestëmmt d'Wochenfoto
Maimonides 29.03.2016 - 21:23
Bestëmmt, rabbit !

closed_eye
Paul-H 26.03.2016 - 22:48
Nees Provokatioun Maimonides?
Maimonides 29.03.2016 - 21:28
Ech weess net op een dat "Provokatioun" sollt nennen, Paul-H. Et kéint een natirlich och soën dass een sou Eppes guer net brauch fir nees waakerich ze gin. Well am Groussen a Ganzen get ganz Vill op PG gepennt, mat Ausnahmmen.
Paul-H 29.03.2016 - 22:25
Déi Foto hei mecht vleit waackreg mee et huet een dobäi de Kapp wéi an et wellt een rem weider schloofen.
Maimonides 01.04.2016 - 22:31
Mais du awer nët, Paul-H !

closed_eye
jorsch 28.03.2016 - 11:46
An dem Tunnel vun der BCEE hänkt ( oder houng? ) e Bild vum Christian Mosar "Portrait flou" aus der Kollektioun vun der Spuerkees. Näischt ass schaarf an awer huet d'Bild eng staark Ausstrahlung. D'Fantasi ass gefoudert d'Bild ze schäerfen an dobai ka Spannendes entstoen.
Mee geet dat och mat enger bloer Saibecken?
Ech denke schonns, wann och de Spillraum vun der Fantasi hei méi beschränkt ass. Jiddefalls hunn ech d'Bild elo schonns e puermol gekuckt an driwwer nogeduecht, dat eleng schwätzt jo mol fir d'Bild.
Eventuell hätt ech de Cadrage méi streng symmetresch gewielt.


Maimonides 29.03.2016 - 21:34
En décke Merci, jorsch, fir dein Kommentar. Ech sin emmer frou wann iwert eng Foto diskutéiert ka gin, och wann se à priori mol net diskutabel wär.
Paul-H 29.03.2016 - 21:58
Sorry jorsch, et ass fir mech schon baal skandaléis ze gesin dass hei super Fotoen wou een wirklech gesäit dass d'Leit sech wirklech Méi gin hun net, oder baal guer net kommentéiert gin an dann gett hei vun Fantasi, Spannung asw geschriwen.
Mir hun hei säit kurzem e puer neier mat guddem Potential op PG, wellen mir déi alt rem vergraulen? Quo Vadis PG?
Jaycee 30.03.2016 - 01:33
Paul-Henri, ouni der elo wëllen op d'Féiss ze trëtonguepelen, ech mengen du bass iergendwéi é Gefaangenen vun idées reçues. Déi puer Nei mat guddem Potential, déis de hei usprëchs, waat ass daat Potential? Hir Technik? Eng gudd Technik mëcht nach kée Konschtwierk aus enger Photo, egal wéi verschlëmmbessert se mat der digitaler Trickkëscht gin ass. Konscht ass, hun ech mer emol vun engem art moderne Künstler soe gelooss, wann d'Leit dervu schwätzen, ob positiv oder negativ. Vu déi nët grad bescheiden Unzuel vu Kommentaren zum Maimonides sengem Wiërk, kënne mer also just eng logesch Konklusioun zéien... closed_eye
Paul-H 30.03.2016 - 12:26
D'Unzuel vun de Kommentaren (et sin jo gréisstendeels negativer oder ironescher) an den Klicks soen iwerhaapt näischt iwer d'Qualitéit vun enger Foto aus. Deng Ausso iwer "déi puer Neier mat potential" ass iwerhieflech an et ass eng riicht an d'Gladder un déi wou sech nach Zäit huelen hinnen mat Tipps ze hellefen. Wann lo een vun hinnen sou eng "dégradéiert" Foto hei drop gesaat hätt wir ech gespaant gewiescht waat do drenner kommentéiert gi wir.
Ech bleiwen derbäi: Daat heiten ass PG net würdeg an dréit net derzou bäi d'Säit fir den Nowues méi attraktiv ze maachen.
Maimonides 01.04.2016 - 22:45
Jaycee,
Merci fir de Kommentar.
Du weess och
dass ech dee Letzten sin
deen hei wëllt
irgend Eppes imposéieren.
An awer bleiwen
nëmmen d'Ecken
an d'Kanten
ausser der Rei.

closed_eye
Maimonides 01.04.2016 - 22:38
Paul-H,
wann hei (éventuell)
super Fotoën
géifen iwersi gin,
da so mir mol firwat.
Paul-H 01.04.2016 - 22:52
Déi Fro stellen ech mir oft mee ech hun d'Entwert net.
Maimonides 01.04.2016 - 23:00
De Jaycee huet dat meescht doriwer scho gesot, Paul-H.
Paul-H 02.04.2016 - 00:54
Deen modernen Künstler wou den Jaycee zitéiert huet d'Wouerecht secher net gepacht. Ech hun kloer an däitlech op säin Kommentar geäntwert an ech bleiwen bei menger Meenung. Eng onschaarf Seibecken hei ze weisen ass fir mech keng Konscht mee eng Provokatioun fir ze kukken wéivil driwer diskutéiert gett (fir Däin Ego ze befriddgen?), an et ass gläichzäiteg och eng riicht an d'Gesiicht un all déi wou sech vill Méih gin an keng Kommentarer kréien an och un déi wou hinnen hellefen sech ze verbesseren.
Maimonides 02.04.2016 - 23:17
Sorry, Paul-H,

entweder du versteess net
wat hei geschriwe get,
oder du wells et net verstoën.
Ech sin nu wirklich dee Letzten
deen hei Irgendeppes
wëllt imposéieren,
an et ass iwerhaapt net fir d'Eischt
dass ech dat schreiwen.
Mein Ego
brauch nu wierklich net befriddigt ze gin.
Paul-H 03.04.2016 - 00:37
Ech verstin nach ze gudd. Waat ech awer net verstin firwaats Du net mol eng Foto brengs déi den Gros mol eng Kéier positiv kéint kommentéieren.
Maimonides 03.04.2016 - 21:37
Géi meng Galerie mol eng Kéier kucken, Paul-H,
do fënns de eng.
Paul-H 03.04.2016 - 22:25
Eng.
Maimonides 04.04.2016 - 20:47
Ech hat dir et jo gesoot !

closed_eye

Mais a mengen Favoriten, Paul-H,
géifs du der méi fannen
Maimonides 02.04.2016 - 23:21
Vileicht sin se guer net sou super, Paul-H ?
Paul-H 03.04.2016 - 00:25
Bei allem Respekt, besser wéi Deng onschaarf blo Seibekken sen se allemol.
Falls déi aaner net sou gudd sollen sin, dann weis hinnen wéi et besser geet.
Maimonides 03.04.2016 - 21:38
Vu weem schwetz du lo, Paul-H ?
Paul-H 03.04.2016 - 22:24
Vergiess et.
Jaycee 08.04.2016 - 22:06
Also Paul-H, dem Maimonides seng Fro ass am Fong einfach; ech haat der se och gestallt. Mir wollte just wëssen wen déi nei Memberen sin, déis de an dengem Post vum 29. März erwähns?
Ech géif mer hier Wierker och gären ukucken, sans blague. Ech verpassen esou munches, well ech nëmme nach sporadesch hei optauchen.
Maimonides 08.04.2016 - 22:12
Sporadisch vileicht, Jaycee,
kompetent awer ëmmer !

Merci Dir.
Jaycee 08.04.2016 - 22:25
Ech mengen elo iwerdreiws de ë bëssen, Charel... closed_eye
Maimonides 08.04.2016 - 22:33
Kee Fatz, Jaycee,
iwerdreiwen ich,
glat a guer net,
well ech net direkt
un dein Album
geduecht hat.

Mais dat versteent
souwisou keen.

closed_eye
Jaycee 08.04.2016 - 22:37
Ech haat och nët u mäin Album geduecht, dann hu mer emol do d'selwescht geduecht...closed_eye
Maimonides 08.04.2016 - 22:40
closed_eye
Paul-H 08.04.2016 - 23:14
Jaycee: Ech nennen net gären Nimm hei, ongefroot an ouni dass si et gesin, ech hoffen daat ass verständlech, mee een(t) huet z.B. dest Bild als éischt kommentéiert.
Eigentlech ass et och net wichteg wien déi nei sin. Mäin message ass allgemeng ze verstoen.
Wéi erklärt een engem "Neien" deen sech no langem zècken endlech traut hei rop ze lueden dass sou en aalen Hues sou eppes hei weist ? Ouni plausibel Erklärung, just mat philosopheschen Sprëch an Undeitungen déi si net kennen verstoen ?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 359 Gäscht online