Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tragescht Schicksal

 
All Fotoen an dëser Serie:
44933 Thumbnail
44934 Thumbnail
44935 Thumbnail
Tragescht Schicksal
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.05.2016
  • Gekuckt:
    17699
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=86187]
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter Zu Remerschen um Haff Réiméch. Mir gi gemittléchum Wee spadséieren do, wi mäi Jong (13 Joer) gesot huet: Pappa, wat sin dat do fir komesch Hënn?

Wéi ech d'Frischlingen och gesin hun, sot ech zu ménge Begleeder: Lues, passt op, wann d'Mamm an der Géigend ass, dann hu mir besser neess ëmzedréinen. (D'Frischlinge waren awer alleng ënnerwee). Op eemol koumen eis ee franséische Pappy mat dräi Kanner tëscht 5 an 10 Joer ëntgéint, déi ausgeflippt sin an déi d'Frischlingen erféiert hun, besonnesch well deen Aalen d'Kanner och nach quasi opgefuerdert huet, no bei d'Fierkelcher ze goen. Eent der vun ass a Panik an den Dëmpel gesprongen, wou et séch an den Alge verfaangen huet, an no relativ kurzer Zäit erstéckt oder erdronk ass. D'Leit, di Déieren opgeschreckt hun, (och nach d'Tata an d'Mamm an nach ee Mann) stounen do beim Waasser ze aafen, bis datt eng vun de Fraen een diren Aascht geholl huet an domadder probéiert huet, d'Fierkelchen ze retten, wat natiirléch illusoresch war. Irgendwann haten se et dunn awer rausgezunn, mais ech mengen, net, datt et nach gelieft huet.
Johny 08.05.2016 - 21:01
Wat soll een zu esou eppes nach soen ... :/ Einfach nëmmen traureg wéi domm Leit sinn.
gtaddei1 08.05.2016 - 21:14
Den Antropozentrismus .. daat kreien mir geleiert zenter mir op d'Welt kommen... Ech entscheleschen dei Delpessen do .. well sie d'Natur, duerch hier Edukatioun, einfach ennerleen... En plus nach nie en Hung gesin ze hun dreit och dozou bäi eng komesch Relatioun zu der Natuir ze hun... Na ja ...
Nicon07 09.05.2016 - 14:26
Weess de, op Anthropozentrismus oder net, et ass een Zeeche vun der moderner Zivillisatioun, déi de Mënsch ëmmer méi vun der Natur lassléist. Ech ka mir nämléch durchaus virstellen, datt et och ee "sus scrofa-Zentrismus" gëtt, no deem d'Wëllsau hire Klengen och d'Welt aus der Siicht an der Erfahrung vun hirer Spezies erklärt, fir datt déi an hirem Ëmfeld iwwerliewen. Mais dofir sin déi awer net sou vun der Natur an der Ëmwelt ofgenuebelt, wéi mir "Anthropoden", déi, wat méi ziviliséiert, manner respektvoll virun hirem Liewensraum gin. Ok, sou wéi mir als Mënschen am Moment liewen, mat allem wat Medezin, Chimie, Technik a Wëssen eis haut erméigléchen, dat war nach ni do an ech ka mir net virstellen, wéi ech géing ouni dat alles iwwerliewen, no engem mënschen- oder asteroidegemaachten Totalschued op eiser bloer Gromper, an awer wënschen ech mir, datt eis Spezies parallell zur Zivilisatioun hiert d'Wësse vun der Natur net nach méi vergësst. De Bopi hei wier aal genuch gewiescht, fir séngen Enkelen ze soe: Passt op, déi sin zwar "süüüüß an niiiiiedléch", mais kuckt iech se vu wäit un, well déi färten, a wann hir Mamm bei hinnen ass, da verteidegt déi se, wann si se a Gefor spiirt. Ech si vläicht een onverbesserléche Pessimist, mais ech wëll net wësse, wat geschitt wier, wann d'Sau wiirklch an der Géigend gewiescht wier, an déi wier op d'Kanner lass gaanegen. Méng Grousselteren a méng Elteren hu méch an der Zäit viru Wëllschwäi gewarnt. Ech ka mir net virstellen, datt di Remerschener Wëllschwäi mëttlerweilen sou un d'Mënsche gewinnt sin, datt se aus der Hand friesse, wéi séngerzäit am Husener Wëldpark.
gtaddei1 09.05.2016 - 17:54
Den Analyse ass natirlech Wertvoll an Selbstverstaenlech Ausgeglach... an ech deelen all enzelt Wuert.
Mäin Papp huet mech oft matgeholl an sengen Rendonnéen duerch verschidden Emwelten... an genau daat mat mir gemeet wouste gesoot hues!
"Pass op d'Mamm vun deenen Klengen ass bestemmt doremmer" soot hien..
De Bop ass villeicht am der Nokrichszäit iergenwou an enger net Ruraler Geigend gebuer.... an dr Staat? zB oder aenlech!
Alles waat dTechnologie an de Fortschrett ass bruet huet ass jo absolut net negativ, me eben well mir ais vun der Natur isoleieren an mengen mir keinten se domineieren fir se ze kontrolleieren , gesinn mir ais net mei als en Naturgeschoepf.... an mir lachen virun der Sau ewei virun enfem ipad ... daat ass net als Liewesch gesin gin...
Locke 09.05.2016 - 10:01
Wei soot den Abbes Einstein:

"Zwei Dinge sind unendlich, das Universum und die menschliche Dummheit, aber bei dem Universum bin ich mir noch nicht ganz sicher."

arwa 09.05.2016 - 12:47
absolut !
ornitho 11.05.2016 - 01:11
Salut Nico, konnst Du dann selwer naischt mei an deier Situatioun do machen fir dem Deier ze helefen ? Traureg Geschicht !
Nicon07 11.05.2016 - 22:09
Ech war um Punkt fir dohinner ze laafen an an de Schmorri ze sprangen, mais wéi ech gein hun datt d'Fierkelchen no 2 Mol vergiewens de Kapp aus dem Waaser stiechen, nët mi rop koum, an di aaner Leit do scho probéiert hun, hun ech et si gelooss.
ornitho 11.05.2016 - 22:49
Ah ok.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 380 Gäscht online