Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Godafoss Sonnen-ënnergang

 
Godafoss Sonnen-ënnergang
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.07.2016
  • Gekuckt:
    42702
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    15/1 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x1500
  • Späicherplaz:
    512 KB
  • Originaldatum:
    2016:05:25 23:16:53
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ & ND Filter

Fir anzesetzen: [pg_img=86600]
Kommentar vum Fotograf:
De Godafoss, dës Kéier faarweg a beim Sonnen-ënnergang
tormi 04.07.2016 - 14:49
einfach nemmen schein
Pit 04.07.2016 - 15:51
Eng wonnerschéin Langzaitbelichtung. Ech hätt wahrscheinlech méi aus den flotten Faarwen erausgekitzelt, mee dat ass natirlech AdG.
Johny 04.07.2016 - 16:33
Esou vill Faarwe waren net do, anescht gesot do hunn ech schonn no um Maximen eraus geholl - leider :/
mischii 04.07.2016 - 20:29
Meng perséinlech Meenung ass elo an der entgéintgesaater Richtung vum Pit,
mir ass d'Waasser e bessi ze vill rosa, den Himmel ass ok, vläicht e bessi oofdonklen fir eng besser Wierkung.Ech sinn iwwerzeegt , dass och bei Sonnenënnergang de Waasserfall zimlech wäiss bleift.
awer wéi scho gesoot adg
Johny 04.07.2016 - 21:30
Do ierts de dech e bëssen smile De Waasserfall war original brong, net wäiss - duerch de ganze Schmori deen do erofkomm ass déi Zäit. Dofir hunn ech allgemeng den Highlights an der Foto e méi rosa/mauven Toun ginn, fir dem entgéint ze wierken.

Ech hunn, zum Verglach, hei den original erop gelueden: https://dl.dropboxusercontent.com/u/11910015/Scree...
mischii 04.07.2016 - 22:34
ah, jo
ma dann hei meng Idi fir ze bearbechten:
Dem Himmel wierklech déi schéi Faarwen vum Sonnenënnergang gin, mat Kontrast an Oofdonklung,a vläicht méi Struktur.
(dat geet gutt mat den Nik Filteren am Viveza, wou's Du kanns deng Punkte leeën)
de Schmorri ënnen, vu, dass et jo sou war, géing ech da méi a brong a wäiss verschaffen an déi waarm Téin eraushuelen, an de Bierger hues de jo och de Schnéi fir de Wäissoofgläich ze maachen.vläicht och den ënneschten Deel oofdonklen, well bei Sonnenënnergang jo d'Liicht méi um Himmel läit,
ech hoffen ech hu mech lo gutt ausgedréckt, an du kanns e besschen un der Veraarbechtung spillen
pixelman 04.07.2016 - 20:35
Pink-Island, sou kennen ech daat Land aawer net !
jorsch 04.07.2016 - 21:16
Mir gefält den ongewinnte Cadrage an der Héicht mat wéineg Waasserfall a vill Himmel. Och d'Laangzäitbeliichtung ass gelongen.
Den iertweschten 2/3tel ass och vun de Faarwen hier ganz flott mat schéinen douce Faarfiwwergäng. De Waasserfall selwer ass mir awer och ze brong/rosa, dat wierkt op mech onnatierlech. Mee wéi d'mischii schonns sot: Ass alles adg!
Johny 04.07.2016 - 21:30
Lies d' Äntwert déi ech dem mischii geschr hunn, a kuck och de Link smile
jorsch 04.07.2016 - 21:54
Ech hunn de Godafoss d'lescht Joer am Summer gesinn, wäiss an ouni Schmorri, a konnt mer dofir dee bronge Faarftoun net erklären. Merci fir deng Explikatiounen, op der Originalfoto gesäit een däitlech wat lass ass. Impressionnant! Datt dat Brongt elo e rosa/mauve-Touch kritt déroutéiert, besonnesch wann een net Bescheed weess. smile
ornitho 05.07.2016 - 07:50
Johny, ech fannen se flott esou, grad mat denen Farwtein do! Gief hei nix mei perseinlech drun änneren..
Metalbambi 09.07.2016 - 13:02
Ech fannen d'Atmosphär déi's de hei duerch d'Faarwen entstoen léis super passend! Menger Meenung no eng vun den beschten Island-Fotoen déi's de bis lo gewisen hues. Liicht méi däischteren Himmel kéint evtl. gutt sinn, misst een vergläichen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 466 Gäscht online