Do war dach mol een, dee séch d'Gänsen sou dresséiert huet, fir datt en se am Flug vu ganz no konnt filmen. (Le Peuple migrateur, Jacques Perrin, 2001)
ech hat och dorunner geduecht, mee dat doten waren zwee Knallkäp di illegal iwwert Naturschutzgebitt geflunn sinn an domat honnerten vun Vigel genervt hunn, och wann's du d'Auerzäit kucks (20:47)
hun een bei dem Bild och e bessen Gefill, dass een mat eiser moderner Technik Natur géing stéieren, ass mein eischten Gedanken lo gewiercht, staarkt Bild !!!!
Ass dat elo een Euphemismus? Mir STÉIERE mat eiser moderner Technik 'Natur, a ganz gewalteg. Mir alleguerten! Mol méi mol manner, mais mir sin och dobäi, leider. Mais d'Natur weess séch awer mat eis an eiser Technik z'arrangéieren, irgendwéi geet et awer, och leider, well da brauche mir jo keng Rücksicht ze huelen.