Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

variation sur un thème ...

variation sur un thème ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (13.09.2016). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.09.2016
  • Gekuckt:
    46411
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    67
  • Beliichtungszäit:
    13/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    636 KB
  • Originaldatum:
    2016:09:11 20:33:09
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87018]
Kommentar vum Fotograf:
... très populaire
gtaddei1 13.09.2016 - 15:08
... den lenken deel ass ze imposant
jorsch 13.09.2016 - 18:03
Du hues Recht. Hunn se elo am Carré eropgelueden.
Dobäi kritt di geschwonge Linn och nach méi Präsenz.
Merci fir de gudden Tipp!
gtaddei1 14.09.2016 - 15:19
Viiil besser..
http://www.artlimited.net/image/fr/489947

smile
JADE 19.09.2016 - 00:07
merci qui? ... merci Gennaro smile
nee, Jorsch, sie war schon pas mal au détongueart, also rietserhand an d'Mëtt ... awer den Schlaff koum duerno closed_eye
jorsch 19.09.2016 - 07:59
Stëmmt! Eng konstruktiv Kritik wéi déi vom gtaddei1 bréngt ee weider ... a mecht Freed. Leider en zimlech raren Artikel. smile
Merci fir däi Kommentar.
gtaddei1 19.09.2016 - 18:05
Ben gaeren geschitt ...
Waat ass eng Kritik?
Eng Kritik ass näischt aneschters ewei den Artist sech selwer akzepteiert sech ze korrigeiren ... oder ze aeneren ... eng Kritik ass en fin de compte , wann een se suggereiert kritt, eng motivatioun eng aner visioun op seng Arbescht ze kreien dei hien sech selwer awer creeirt... Deen deen d'Kritik ausdehlt ass jo am gangen mat senger égener Visioun deng Welt ze observeiren ... Kommentarer sin am fong d'Rencontre vun 2 oder méi Subjektiviteiten dei sech begeinen...
Oder?
jorsch 19.09.2016 - 19:42
Mir sinn an eiser Subjektivitéit zimlech gefaangen an et ass immens wichteg aaner Vuen zouzeloossen fir esou de bescheidene perséinleche Bléckwénkel op d'Welt e wéineg ze erweideren, eventuell duerno de Standpunkt esouguer ze änneren.
Esou en Austausch motivéiert dann och weider ze sichen.

gtaddei1 19.09.2016 - 21:06
Et wier flott wann en sech hai an do geif soen dass et subjektiviteit get ... an wessen wou säin Ufang an wei hien aisen Alldag beanflossen... an och ais dobai helkeft gudd duerch deen Alldag ze goen... me hai an do hien op d'säit setzen fir e puer momenter einfach keng identiteit mei ze hun, durchsiichtesch sin fir mool och, sokratesch ausgedreckt, d'welt vun ideen mei ze erliewen ... op mei objektiver art an weis
gtaddei1 19.09.2016 - 18:06
oh? mir Merci soen... mé nö ... e patt zesummen ze drenken wär flott
JADE 20.09.2016 - 19:01
ben, où et quand vous voulez, mon cher smile
gtaddei1 24.09.2016 - 23:06
ah... je suis à votre disposition... quand et où vous voudriez
JADE 25.09.2016 - 01:29
je sens qu'on ne va pas s'en sortir ... tongue
gtaddei1 25.09.2016 - 22:27
sortir?
JADE 26.09.2016 - 20:11
d'un bar?
gtaddei1 26.09.2016 - 22:10
pourquoi le "? "
jorsch 27.09.2016 - 18:43
Wann dir esou weidermaacht, dann ass dat hei gläich di meescht kommentéiert Foto hei um Site! smile
JADE 27.09.2016 - 19:50
oh nee, Jorsch ... gaaaaanz am Unfank vun PG, do sin mir (den Gennaro wor nach net do, et woren aanerer an ECH smile ) alt emol bis 500 Comments gangen smile

also een "?" well et villÄicht aaner Proposen nach kënnen gin closed_eye

Jorsch, du kann dech awer och un d'Diskussiioun unhänken ... all Geck ass wëllkomm closed_eye
gtaddei1 29.09.2016 - 02:15
Genau ... am Ufank vum PG (wou ech dobai woor) waren eng jett Komment op verschidden fotoen entstanen ... dei vum Bild motiveiert woren an dann devieiert sin... brainstorm bigsmile

Hey ... an den "?" huet keng aentfert kritt
JADE 29.09.2016 - 18:13
ma dach ! lies main Comment virun desem emol gutt ... daat ass wann een um 3°° op PG kënnt !!!!
gtaddei1 01.10.2016 - 19:06
Ahhh jo ... du hues recht... a t^te reposée les choses sont tj plus claires... ... smile
JADE 02.10.2016 - 23:08
zwar !! tongue
gtaddei1 04.10.2016 - 00:17
ben ... et meet een keng fehleren smile
JADE 04.10.2016 - 22:44
zwar !!! ... ech och!!! en masse de chez masse!!! mais, égal !! tongue
gtaddei1 05.10.2016 - 00:35
dann bass du nie ausgerascht ... ewei ech ?
JADE 05.10.2016 - 20:38
nie !!!!!!!!!
JADE 05.10.2016 - 20:39
ça va Jorsch? dierfen mir nach e bessi hei hin an hier plauderen? tongue bigsmile
gtaddei1 05.10.2016 - 20:59
Looss de Jorsch Jade... dee lauschtert no... waat hien dourno denkt ass e flotte film ... hoffen ... dass een e film
Lauschteren kennunhappy
Nie hein ... na ja... firwaat dann schon?
jorsch 06.10.2016 - 17:40
... e patt zesummen ze drenken wär flott .... smile
gtaddei1 07.10.2016 - 16:00
ben dann kommt all op Beckerech den 14-10 smile

http://dmillen.blogspot.lu/p/millegalerie.html
JADE 07.10.2016 - 16:45
alt gutt, dass mir hei Wochen lang hin an hier plapperen ... soss géingen mir daat jo soss nie gewuer gin, Gennaro !!! surprised
gtaddei1 07.10.2016 - 17:28
ben sin alt net esou ... hmm ...
JADE 08.10.2016 - 21:32
modestement modeste ...
gtaddei1 12.10.2016 - 01:25
daat ass och eng Form vun Houfrechkeet ? ..
JADE 13.10.2016 - 00:23
non, je ne le dirai pas ... non, non
ass net wéi an der Mathé ... Minus Minus gëtt hei nët Plus ... no no !!
gtaddei1 14.10.2016 - 13:21
mmhhh bien rétongueondu.. mais les math... oui ce n'est que logique ... mais nous ? dans notre hypocrisie on exprime le diable par la sainteté ... smile
JADE 16.10.2016 - 12:43
oulaaaaaa .... wéi lang hun ech fir eng Dissert vum diable et son contraire/opposé ze schreiwen? smile

et du coup ... hun ech dain Vernissage awer vergiess !!!! unhappy unhappy
gtaddei1 16.10.2016 - 23:47
so mir wouste de bass fir Kreschtdaag ... en Filofax mecht ganz gudd d'affaire
JADE 17.10.2016 - 03:03
fir Kreschtdaag sin ech an der Krëtonguepchen, dh ënnert der couette smile
gtaddei1 17.10.2016 - 07:45
wei leiw... awer de Filofax musste geschenkt kreien
Den Jorsch woor op der Austellung... awer ereicht den aneren Daag ... dofir as mool de Patt (an daerer occasioun mool net dran gewiecht ...unhappy)
JADE 17.10.2016 - 18:11
setz du een Datum fest smile
jorsch 17.10.2016 - 20:42
Ah, lo gëtt et erëm méi konkret! smile
Huelt der mech mat?
JADE 17.10.2016 - 21:47
ma dorëms geet et jo bigsmile
gtaddei1 17.10.2016 - 21:52
ma jo natirlech... ! D'Jade decideiert ... ech passen mech un ... an den Jorsch geet mat ... smile
gtaddei1 17.10.2016 - 21:52
Jade sin just am November 1 Woch net do... de rescht leisst sech alles organiseieren ...
JADE 17.10.2016 - 23:24
nee, nee, tu proposes, je dispose smile ...
oder den Jorsch mëcht een Datum aus tongue

waat fir eng Woch bass du dann net do?
gtaddei1 17.10.2016 - 23:51
10-17 Nov bigsmile
ornitho 13.09.2016 - 17:20
Gin dem Gennaro recht, giefse eichter am Quadrat gesin smile
jorsch 13.09.2016 - 18:05
Genau. Hunn se elo am Quadrat eropgelueden a si gefält mir och besser.
Merci fir deng konstruktiv Ureegung!
ornitho 13.09.2016 - 23:00
Genau esou hat ech se am Kaap, flott asse gin !
jorsch 14.09.2016 - 08:23
Oh, nach e Fav.?! Merci villmools!
ornitho 14.09.2016 - 09:31
smile
Pit 14.09.2016 - 09:42
Flott cadréiert, gudd an den Farwen. Gefällt mir tiptop. Ass och besser wéi déi 1te.
jorsch 15.09.2016 - 14:24
Merci Pit, si frou wann se dir gefält.
theom 14.09.2016 - 09:45
Ganz flott Motiv gudd belicht,leidersin déi senkrecht Linnen no riets gekippt.
jorsch 15.09.2016 - 14:27
Merci theom, fir däi Kommentar.
Hunn elo e Raster iwwert d'Foto geluecht a keng Deviatioun an der Senkrecht festgestallt.
Conley 16.09.2016 - 22:07
Philharmonie

Wat soll ech do nach soen Faarwen sinn dann awer?
jorsch 17.09.2016 - 11:46
Merci Conley, mee ech verstinn deng Ausso net ganz.
Conley 19.09.2016 - 23:44
Faarwen an't Liicht maachen fir mech hei schonn eng besonnesch Foto! Proportiounen vun de verschiddenen Gebaier an der reeller Distanz zouenen, sinn zwar net realistesch. Ginn dann awer duerch eng ganz gutt Bea schéin gewisen. Wat mir nach ëmmer e bëssen schwéier fält esou eng Bea ze verstoen oder. Ze Akzeptéieren, op schonn ech weess dass et ouni esou eng gutt Beaarbechtungen hei keng Foto méi eng gutt Bewäertung kritt!
Nach Gléckwonsch zu der Wochenfoto!
jorsch 20.09.2016 - 19:58
Merci Conley, fir den weider Erklärungen. Deng Fro ass wéi wäit een eng Foto fir eng besser Wierkung beaarbechten ( interpretéieren / manipuléiren? ) dierf. Hellegt den Zweck d'Mëttel?
Ech wees net op et do eng eenheetlech Äntwert gëtt, déi Grenz muss jidderee perséinlech zéien.
Wollt awer erkläre wat bei dëser Foto geännert ginn ass, sou vill ass et nämlech guer net.
1) Perspektiv:
Well d'Bild zimmlech no beim Buedem mat engem Wäitwénkel opgeholl ginn ass, hunn ech missen d'Saile perspektivesch riichten. Dobäi ass eventuell d'Verhältnis vun der Senkrecht zur Waagerecht net ganz erhale bliwwen. Soss ass näischt geännert.
2) Faarwen:
D'Bild ass zum Enn vun der bloer Stonn opgeholl ginn an d'Faarwen sinn original bis op d'Téinung vun der geschwongener Konstruktioun lénks. Déi war méi cyan, ech hunn se liicht an d'Violett gezunn fir e méi schéine Kontrast mat dem Giel vun der Luucht ze kréien.

Ass dat elo eng Adaptatioun, eng Interpretatioun, oder schonns eng Manipulatioun?

Bei dëser Foto ass d'Beaarbechtung vill méi extrem, fir mech awer duerch d'Intentioun eng Emotioun ausdrécken ze wëlle gerechtfertegt.
Hotel New York

Jiddereen ass awer selbstverständlech fräi dat uspiechend oder net ze fannen.

Conley 21.09.2016 - 19:08
Merci jorsch, fir deng detailléiert Erklärung! Soen mol duerch Perspektiv riichten ass eng ongewollten Adaptatioun entstanen. Ze Akzeptéieren, war villäicht net dat richtegt Wuert. Hätt eigentlech net missen do stoen. Well et zweedäiteg eriwwer kennt. Un sech hunn ech guer näischt géint esou, oder och nach méi extrem Bea%u2019en. Well et schwiewen mir därer, nach méi extremer an der Klatz. Et fehlt mir just un der Zäit fir se ze maachen.
Foto Hotel New York gefält mir ganz gutt! An't Bea ass do e souguer nach minimal, Visa vie vun därer di mech zur Zäit interesséiert.
jorsch 21.09.2016 - 19:55
Lo sinn ech awer gespaant! smile
Sutebe 19.09.2016 - 18:25
EINFACH ...

FLOTT

an schleissen mech nun dass et besser ass ouni deen lenken schweieren Block ..

jorsch 19.09.2016 - 19:46
Merci Sutebe.
Huet mech erstaunt datt ee mat dësem populairen Foto-Thema nach beuecht gëtt .... a mam Carré si mer eis eens. smile
Sutebe 19.09.2016 - 19:50
Et get sachen dei sin milliounenfach fotografeiert gin an begeschteren awer nach ... et ass zesumenspill vun deem ganzen waat et ausmecht ..
ornitho 21.09.2016 - 08:05
Weul verdengt, eng flott WF !!!
jorsch 21.09.2016 - 19:55
smile
pixelman 03.02.2019 - 15:28
Zeiten wou Quali nach hei en Thema waar !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 444 Gäscht online