Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Un dinner presque parfait

 
Un dinner presque parfait
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.10.2016
  • Gekuckt:
    17102
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1333x2000
  • Späicherplaz:
    674 KB
  • Originaldatum:
    2016:10:09 11:56:34
  • Fotoapparat:
    X-T2
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87289]
Kommentar vum Fotograf:
Dass de Kapp net drop ass...ass e choix
pixelman 17.10.2016 - 20:09
d'Foto ass ouni Kapp och absolut gut gin.
m-otiv 18.10.2016 - 20:42
grousse merci
Pit 18.10.2016 - 08:12
Ass och ouni Kap genuch ze kuken smile
Eng fir mech gelongen Opnahm.
m-otiv 18.10.2016 - 20:42
Merci Pit
Hobbyknipser 18.10.2016 - 20:21
den Schnëtt ass speziell mais net oninterressant - den Bildlook an Faarwen sen top!

waat mech just liicht stéiert ass:
- datt d'Yaya ze fest opsetzt an séin Hënneschten doduerch onschéin angedréckt ass (fällt hei duerch den enken Ausschnett nach warscheinlech méih op als wann et en Ganzkierperportrait wär);
- déi iwwerliichten Plaatzen op dem Ielbou an Handgelenk (op den Reppen stéiert et mech manner) - liicht ofgedonkelt géifen se manner opfalen (géif soen op der Broscht häss de et probéiert?)
- déi (Ueleg?)Fläsch zéiht duerch déi hell greng Faarw den Bléck zevill op sech

kann awer och sen datt's de der eppes derbäi geduecht hues fir et sou ze man an ze loossen an ech komplett derlanscht leien smile - also nët falsch verstoen: ass just waat mir opgefall ass an nët fir d'Bild schlecht ze man
op jiddefall gudd ze gesinn datt hei op PG lues an lues d'Peoplefotoen neess opliewen. Huet definitiv gefehlt!!
m-otiv 18.10.2016 - 20:41
Leiwen Härr Hobbyknipser, oder Madam Hobbyknipser,

Als gudden Italiener, muss Olivenueleg op alles drop...Souguer op d'Yaya (Highlights sin wäll hatt voller Ueleg ass) An d'Fläsch ass do plazéiert gin closed_eye

Waat wierklech hei op PG feehlt...sin eben Leit die Kommenteiren. Also merci fir dein Kommentaar.
Mä Ech huelen un dass Du scho leit beleidegt hues, wäll naicht iwwert Photograafen Ego geet an's Du dech hannert engem anonymen Kont muss verstoppen fir kommenteiren ze kennen...Fannen Ech schued an traureg..
Hätt zwar gäer gewousst ween mir esou eng konstruktiv Kritik get....
Ech posten emmer nach hei wäll een soss hei keen filter haat, an dank knallhaart kritik vill geliert hun.
Hobbyknipser 18.10.2016 - 22:10
wéi gesot: sen Sachen déi mir opgefall sen an ech dir dann hei geschriwwen hunn- du erklärs mer mat denger Äntwert deng Idee vum Bild ... an ech verstinn se.

unzehuelen ech soll Leit schon beleidigt hunn - wou könns du dorobber?? - ass daat just well ech haut nach bei engem anerem sengem Bild meng Meenung gesot hunn - oder weess du en konkreten Fall? kéint mech net erënneren well ech sinn net sou erzugen ginn

anonymen Kont ..... heeschen mer net bal all hei anescht wéi am richtigem Liewen? closed_eye
Metalbambi 19.10.2016 - 13:44
Zimlech cool, virun allem well se genau ob der Grenz ass. Allerdéngs ass ze zimlech onroueg, eenmol duerch d'Tatooen an eben nach duerch den Hannergrond an déi vill Brongtéin an der Kichen. Ech mengen ech hätt et mat enger anerer Faarf Kleeder probéiert vir en knallegen Eyecatcher dran ze hunn oder eng aner Kichen gesicht, déi méi Kontrast liwwert. Vläicht hätt och méi Schäerft eppes geännert, mee dat hätt sech net mat der Déifteschäerft verdroen.
Nach een klenegn Punkt: Hues de hannen an den Hoer retouchéiert oder sinn déi schonn out-of-the-box sou flou?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 338 Gäscht online