Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Champignons

 
All Fotoen an dëser Serie:
45448 Thumbnail
45449 Thumbnail
45450 Thumbnail
45451 Thumbnail
Champignons
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.10.2016
  • Gekuckt:
    35825
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87348]
Kommentar vum Fotograf:
Laang war et ze dréchen, mee elo ginn et erëm Champignonen am Bësch.
ornitho 28.10.2016 - 10:03
1,3,4 ups hun ech mech verzielt ? Nee, et sen dei 3 dei eng serie formeieren, dei 2t fannen ech net passend deurch de Bokeh an hierer net Schilloute esou flott ewei dei anner..! Eng Excellent Serie Jorsch !
jorsch 28.10.2016 - 17:24
Merci ornitho fir däi Kommentar an de Fav., hu mech driwwer gefreet!
Jo di Zweet fält e bëssen aus der Rei: Aner Champignonen, anert Objektiv ( 105 mm ), aneren Dag, allerdéngs déiselwecht Plaz an déiselwecht Dageszäit. Ouni di Zweet ass d'Serie natierlech immens homogen, awer ech hat gemengt dëst Bild kéint och e bësse Spannung duerch Ofwiesselung rabréngen.
MsJarryman 28.10.2016 - 10:24
Ah, si se elo do smile Eng excellent Serie, passend déi brong Faarftéin, déi d'Atmosphär aus dem Besch wonnerbar eriwwer brengen.
jorsch 28.10.2016 - 17:26
Merci MsJarryman, fir de léiwe Kommentar an de Fav.!
OK-Photography 28.10.2016 - 11:31
top Bokeh!!! bigsmile
gefällt mer immens gudd, sou um Bord vun engem Low-Key - an trotzdem sinn nach Detailer ze gesinn, herrlech!

giff mech jo interesseiren mat wats de hei gephotographeiert hues (Objektiv virunallem?)
jorsch 28.10.2016 - 17:29
Villmools Merci fir däi Kommentra an däi Fav.!
Bei 1,3,4 war et den 300mm f4 ( Nikon ). Ech hunn dat Objektiv immens gär fir esou Zwecker.
Bei 2 war et den 105 mmm Macro ( Nikon )
Boîtier: D750
minimax 28.10.2016 - 12:28
richteg cool Fotoen !! smile
jorsch 28.10.2016 - 17:29
Merci minimax!
theom 28.10.2016 - 13:50
2 a 4 fannen ech Super.
jorsch 28.10.2016 - 17:30
Merci theom. Freet mech wann se dir gefalen!
Abacab 28.10.2016 - 14:02
Exzellent Serie woubäi mer di 3te am bëschten gefält,

dest wëll die zwee Kätonguep vun de Champignoen esou schéin isoléiert sinn virum hellen Hannergronn.

des ass och ganz gutt am Carré!
jorsch 28.10.2016 - 17:37
Merci fir deng detailléiert Analys vun der 3. Foto.
Mir huet di 4. am beschte gefall wéinst der spuersamer Luucht déi vu riets hannen an d'Bild eraliicht. Mee de Choix ass perséinlech an adg. denken ech.
Conley 29.10.2016 - 00:03
Fotoen sinn fir mech just nach mam Trioplan ze Topen! De Bokeh ass dir awer hei ganz gut gelongen!
jorsch 29.10.2016 - 18:17
Merci Conley fir däi Kommentar!
Jo den Trioplan ... eng legendär Lens .... konnt mech bei der Souscriptioun vun der Neioplag net entscheeden .. hat grad den 300mm kaf ... mee villäicht spéider emol ... et muss e jo nach Dreem a Wënsch hunn ... smile
schneve 29.10.2016 - 23:18
Flotte Bokeh, mir perséinlech gefällt die 3. Foto am beschten. Wär an der 4. Foto den zweete Champignon och nach scharf giff ech die och perfekt fannen. Top
jorsch 31.10.2016 - 17:35
Merci schneve, fir deng Appréciatioun.
Foto 4: Well den 2. Champignon net beliicht huet et mech net direkt gestéiert, datt en aus dem Focus ass.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 243 Gäscht online