Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moies am Dezember

 
Moies am Dezember
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.12.2016
  • Gekuckt:
    18127
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/4000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -2.3333333333333 EV
  • Gréisst:
    1600x900
  • Späicherplaz:
    1719 KB
  • Originaldatum:
    2016:12:07 12:17:26
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark IV
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 24-70mm f2.8/L II
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=87547]
Kommentar vum Fotograf:
Moies am Dezember, wann d'Sonn opgangen ass.
Eric_1989 09.12.2016 - 21:13
Mega
Paul-H 09.12.2016 - 22:07
Eric, vu dass hei net méi vill aanerer moderéieren: Kéins Du Dech mol vleicht derzou duerchrengen an Zukunft e ganz bessen méi ze schreiwen wéi just "mega", "flott" oder sou ähnlech. Hei geet et schon drem sech e bessen mat enger Foto ze beschäftegen an e bessen méi ze schreiwen wéi op z.B. op FB. Daat heiten ass e Site vun engem Fotosclub an keen Kaffiskränz'chen, sorry huet mol missen gesoot gin.
Pit 10.12.2016 - 13:50
Merci, sin der zwar dankbar, mee kuk der Biller méi lang an genau un, sich och Fehler, wat een anescht machen kéint. An wanns de dann nach ëmmer denks, wow, dann gàren an Wochenofstëmmung. Ass net béis gemengt.
Paul-H 09.12.2016 - 22:02
Des gefällt mir lo wirklech zech mol besser wéi déi wou ech fir d'lescht kommentéiert hun, déi wou (fir mech) den Himmel net mam Rescht harmonéiert huet.
Wann se net schon an der Oofstemmung fir d'WF wir (dofir hun mir jo den Eric), hätt ech daat elo gemaach. Genau mäin Goût, ausser vleit och hei den Himmel deen mir bei deser vue e bessen ze onnatirlech wierkt (Nik Filier oder?). Mee, et huet een d'Tendenz aaneren hir Fotoen aanescht ze kukken wéi déi eegen. Wann ech éierlech sin kennt déi Bea vum Himmel och vu mir sin, obwuel ech se lo hei net sou 100% gelongen fannen.
Pit 10.12.2016 - 13:47
Merci. Jo den Eric mecht WF schons voll smile
Mee et ass awer keen NIK zum Asatz komm. Et ass fir d'éicht mol en HDR aus 5 Biller, an dann am LR verschafft. Dat ganzt alles am RAW. Machen nemmen nach RAW, well do immens vill vun Farwinformatiounen dran ass, vis-à-vis vun engem JPEG.
Paul-H 10.12.2016 - 17:10
Kloer ass RAW emmer besser. Denken mol déi meescht hei fotograféieren am RAW.
Pit 10.12.2016 - 17:29
Sin der méi, déi am JPEG fotograféieren, wéis de mengs....mee mam LR ass dat haut richteg flott ze machen.
Paul-H 10.12.2016 - 18:04
Ech fotograféieren gläichzäiteg am jpeg an RAW. Benotzen dann d'jpeg am Fong just als "Virschau" fir ze décidéieren wéi eng RAW ech well an den LR importéieren. Mee jidfereen huet do säin System.
m-otiv 09.12.2016 - 22:11
Ganz flott Pit
Pit 10.12.2016 - 13:44
Merci Vita, freet mech. smile
Raypics 09.12.2016 - 23:55
Jo dei do huet eppes. Flott Landschaft mat enger scheiner Deiwt an Athmosphär. Just steiert mech daat bloot am Himmel. As et en Sonnenennergang oder matsen am Daag? Do passt eppes net. Bessen mei e "warmen blotoun" (oder bloen gieltounclosed_eye) geif ech hei besser fannen dass se mei stemmeg wier. De Paul huet et zwar och schon gesoot mee wollt mein Pefferkär o nach beileenclosed_eye
Pit 10.12.2016 - 13:44
Merci fir deng Kritik. Et ass Moies, nom Sonnenopgang. Mam méi warmen blotoun oder gieltoun kann een nach probéieren.
NikonD80 10.12.2016 - 15:49
schéin Landschaftsfoto mat schéinen Faarwen, och di Äscht am VG passen hei
Pit 10.12.2016 - 17:27
Merci, freet mech, wann se der gefällt.
jorsch 10.12.2016 - 17:11
Dës Foto ( an och déi aner vun dëser Plaz ) gefale mer an sech gutt. Den Himmel ass hei ( fir mäi Gefill ) däitlech besser wéi virdrun an awer fannen ech en nach ze dramatesch. Mee dat ass sécher affaire de goût!
P.S.: Bass de net beim Fotograféiere geblëtzt ginn? smile
Pit 10.12.2016 - 17:27
Merci, nee, hunn mech ganz lues hannert den Radar geschlach smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 236 Gäscht online