Faarwen, Expressioun an virun allem d'Aan fannen ech wierklech gutt. Mier huet se just en bëssen vill Bak, ech mengen do wieren d'Hoer besser méi am Gesiicht gewiescht. Huet sou en relativ staarkt Ongläichgewiicht.
Merci fir den feedback, Ech sinn bei dëser effektiv en bessen hinn an hier gerappt mam Baak, den een Daag gefällt se mer gudd, den aneren ginn ech der Recht an et ass eng zougrouss "eidel" Fläch... ob mengem site fenns de och nach eng aner foto aus genau dëser Reih ouni souvill Baak
Ech fannen se usech schéin well se eben grad sou natirlech ass.
Zum natirlechen Model an dem insgesamt harmoneschen Bild passt fir mech just déi onnatirlech Haltung vun der Hand net an d' Bild. Fir mech perséinlech wir et mei stëmmeg gewiecht, wann déi Hand guer net am Bild wir.
Ech haat an dësem Moment effektiv mol engkeier net dirigeiert an d'Model huet d'Hand selwer an des Positioun bruecht nodeems et duerch d'Hoer mat der Hand eroofgefuer ass.