Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Macaca sylvanus

 
Macaca sylvanus
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.07.2017). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.07.2017
  • Gekuckt:
    27004
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1350x900
  • Späicherplaz:
    613 KB
  • Originaldatum:
    2016:10:18 14:29:46
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 6D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 100mm 2.8 L Macro
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88420]
Kommentar vum Fotograf:
Zu Amnéville am Zoo hun ech deen Kärel erwescht;)
gunman 15.07.2017 - 20:43
Do ass awer am Photoshop ziemlech drunn gefummelt gin...oder...
Wann net, dann alles richteg gemaach.
Raypics 15.07.2017 - 20:57
Se as am Lightroom bearbescht gin. Waat steiert dech dann genau drun?
gunman 16.07.2017 - 20:36
Genau daat mat der Vignette stéiert mech och. Fier mech geseit et och onnatierlech aus an et rauscht immens. Den Effet vun der Déiftenonschärft bei engem Tele geseit aanescht aus.
Et ass natierlech Kritik op héigem Niveau...
Raypics 16.07.2017 - 23:45
Wou geif se dann rauschen? Am Gesiicht huelen ech mol un. Kann sin dass ech et mat der Clarity zevill iwerdriwwen hun. Hun daat mol reduzeiert. Se geseit lo mol mei natierlech aus. Vignette as och reduzeiert.
Just lo as se mer ze fadclosed_eye
Waat d'Deiftenonschärft ugeet as do neischt nodreigleg geannert gin. Dei koum sou aus dem Apparat. Merci fier d'Kritik.
gunman 17.07.2017 - 20:22
Ok, vielleicht schwätzen mir laanschteneen. Mam Gesicht hun ech guer keen Problem, do rauscht neischt, mais ronderem, am Pelz, daat geseit fier mech einfach e bessen "komesch" aus, mais soit, Du hues daat jo alles elo tip top erklärt an et bleiwt jo awer wierklech eng schéin Photo.
Raypics 17.07.2017 - 22:43
Nee daat huet secher neischt mat rauschen ze din. Daat as eben d'Onschärft...mat der Struktur vum Pelz geseit et eben sou aus wei et ausgeseitclosed_eye
marischen 16.07.2017 - 09:30
D'Vignette ass mir en Tick ze staark.
Bei f/2.8 gett et zwar eng staark Déiftenonschäerft, mee se wierkt op mech hei e bëssi abrupt an onnatierlech.
Beim Kadréieren hätt ech opgepasst, dass d'Aan oder d'Gesiich net grad sou an der Mëtt vum Bild sinn, och wann den Aaf dann uewen ugeschnidde wier... ass fir mech emmer nach besser wéi sou an der Mëtt.

De Focus läit awer schéin op den Aan.
Raypics 17.07.2017 - 00:00
Vignette as reduzeiert gin. Jo du hues Recht. Dei nächste Keier probeieren ech den Kapp bzw. den ganzen Kierper scharf ze kreien an vergleichen dann waat mer am beschten gefällt. Se as och lo anescht kadreiert gin. Den Aaf as elo bessen mei no lenks gesaat gin. Wann ech se awer no der 1/3tel-Regel kadreieren well se mer net mei sou richteg gefaalen. Mee eppes steet fest...ech gin zreck an kommen mat besseren Fotoen zreck!smile
Merci awer fier d'Kritik.
Wei geifs du mat der Deiftenonschärft emgoen?
marischen 17.07.2017 - 14:18
Et ass fir mech lo schwiereg ze soen wéini a wou ee generell soll Déifenonschäerft asetzen, do gett et mengen ech keng Regel. Hei ass se awer mengen ech gutt agesat, emmerhin geet et em dem Af säi Bléck, säi Gesiicht. Wat lo nach feelt ass méi Luminanz oder Kontrast, wéi de Jacques och schreift.
Raypics 17.07.2017 - 16:00
Du änners awer schnell deng Meenungclosed_eye Sou d'Gesicht huet lo mei Luminanz an och den Kontrast as eropgesaat gin. Jo lo sin ech zefridden.
marischen 17.07.2017 - 16:43
Du mengs wat Déiftenonschäerft ugeet bei deser Foto? Nee, do sinn ech nach emmer der Meenung dass et hei aus iergendengem Grond onnatierlech ausgesäit smile Ech hat vun Ufank un gemengt du häss do vläicht nach nodréiglech eppes dru gedréint gehat. Mee dozou has de jo schon an engem Kommentar hei drenner geschriwen dass dat net de Fall ass.
Jacques 17.07.2017 - 10:44
Ech gesin leider net déi al Versioun vun denger Foto. Wann ech drop klicken dann kritt een dess Foto ugewisen.

Ech denken mer mol dass wann een f/2.8 wiehlt ass e gewessen Hannergedanken derbei.
Fir mech ass bei deser Foto, Déiwenschärft total onwichteg. Den Bléck an Ausdrock vun deenen Aaen ass esou frappant dass alles ronderem fir mech total irrelewant ass. An den Fokus léit genau do wou en soll sin! Eng Vignette ronderem géif ech ganz gudd fannen fir den Bléck an Gesiicht ze leeden. An vielleicht nach e bessen méi Luminanz am Gesiicht.
Raypics 17.07.2017 - 16:02
Jo ech haat e puer iwwerschaften Versiounen eropgelueden. Kann der dei eischt awer mailen wanns de wells.
Waat lo d'Deifteschärft ugeet wollt ech am Fong genau daat erreschen fier d'Aan scharf ze kreien an de Räscht eben flu. Mee marischen huet schon iergendwei Recht dass ech et dobei bessen iwerdriwen hun. Daat get an Zukunft mol alles nach engkeier ausgetest.
Done! Jo lo mat där läschter sin ech lo eigentleg zefridden. Merci fier Tips!
Jacques 18.07.2017 - 09:10
Ech fannen se elo gudd esou wéi se ass.
Deen Bléck ass super!!
Raypics 19.07.2017 - 15:21
Merciclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online