Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Leiw

 
Leiw
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (28.08.2017). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.08.2017
  • Gekuckt:
    53638
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/250 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1900x1267
  • Späicherplaz:
    459 KB
  • Originaldatum:
    2017:08:19 11:43:55
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 60D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 24-105 L F/4
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=88575]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun den och am Safaripark Pombia fotographeiert
marker 27.08.2017 - 20:34
..den Usaz an dengem Bild ass emol guer net esou verkéiert, allerding hues de d'Tendenz däin Haaptmotiv ze mëtteg ze placéieren, an domadder geet vill Wierkung verluer.
De Paul-H huet dech jo och schon bei eenzelen vun denge Biller drop opmierksam gemach.
..waat häls de dann heivun?
Eric_1989 28.08.2017 - 18:35
Merci marker ass dei do foto elo besser wei ech se Asat hun ?
marker 28.08.2017 - 19:46
..du hues d'Bild elo esou oft ersat dat ee kee richtege Repère méi zu dengem original Bild huet.
..bon, de Léiw ass fir mech nach ëmmer ze vill an der Mëtt, den Dach vum Gebéi am Hannergrond stéiert, an alles an allem ass se ''fir mäi Goût'' ze vill faarweg, dat wierkt net realistesch..!!

Dem Paul seng Approche fir am 16:9 ze cadréieren passt och ganz gutt. Du hues also elo 2 Proposen wou's de dech duerno kann's orientéieren, an ech proposéieren dir deng Kreativitéit spillen ze loossen an deng eegen Variant hei ze presenteieren..!!

...hei dann nach e Beispill waat mat der Drëttel Regel gemengt ass. Méi kann ech net weiderhëllefen, elo ass ët un dir.
Bonne Réussite....!!!
Eric_1989 28.08.2017 - 19:52
ech kann awer naicht do machen et ass eben an engem safri zoo dei lafen eben frei roderem jidderen huet sein gou closed_eye
Bubu 28.08.2017 - 22:31
Et huet ke Senn vill ze schwetzen de Sujet kennt an d'Mett op et passt oder netsmile
98%hu jo keng Ahnung an cadreiren egal wat zesummensmile
Paul-H 27.08.2017 - 21:12
Yep, den marker huet Recht, ech hätt se wahrscheinlech ähnlech cadréiert.
Evtl. géif hei souguer en 16:9 gudd passen.
Paul-H 27.08.2017 - 22:18
Sou hun ech gemengt, dann kennt daat Béischt nach besser zur Geltung. Ok, d'Quali ass lo nix méi, mee et geet jo just hei em de cadrage. Sorry, kréien daat mam Link net sou hin wéi den marker, hei muss een den Link mat der Maus uwielen an dann an den Broweser kopéieren.

http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=63ac00-1503864936.jpg
Paul-H 28.08.2017 - 13:10
Lo verstin ech zwar näischt méi Eric: Du hues just un de Faarwen "gedréit" mee awer net aanescht cadréiert...
Hei kriss de mol eng Kéier konstruktiv Kritik, do kennt dann awer mol keen Merci fir d'Méi déi d'Fotografenkollegen sech gemaach hun an och soss keen Kommentar vun Denger Säit.

Du ersetz d'Foto kommentarlos, mee versichs näischt vun deem emzesetzen waat Dir hei virgeschloen gett.
Also ech verstin Dech net.
Paul-H 28.08.2017 - 16:36
An elo hues se nach eng Kéier ersaat, an zwar carément déi wou ech cadréiert hun an op den "bilderupload" gesaat hun. Dat war net d'Iddi, Du solls daat schon selwer probéieren.
Doriwer raus hun ech jo geschriwen dass d'Qualitéit vun där quasi NULL ass, et war just fir Dir ze WEISEN wéi een d'Foto kéint aanescht cadréieren.
Du kanns dach net einfach d'Foto huelen déi ech cadréiert hun an dann hei frësch roplueden, geet et dann ?
Eric_1989 28.08.2017 - 18:34
Paul ech hun se elo selwer geschnidden an bessen mei farwen dran gemach

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 262 Gäscht online