Dat do ass elo neess eppes fir méch ze "këddelen"...
Ech kucken a gesin: Steng, Waasser an eng Ketten. Ech liesen den Titel: EGO, an da probéieren ech de Rapport ze maachen. ... Oder ech fänken u mat Dichten, besser nach Philosophéieren.
Liesrichtung: okzientalesch vu lénks no riets an vun ënnen no Uewen: Den Ego kënnt aus der Däischtert a rutscht iwwert fiicht a rau Steng, déi e blockéieren an zum Deel déviéieren. Awer wat méi wäit op der Timeline no rechts e geet, wat e méi séch vun de Steng an der Däischtert ze emanzipéiere schingt an, fräi no der Devis vu Lutetia: "Fluctuat nec mergitur", séch an der Mëllech vum laangzäitbeliichte Waasser verdënnt.
an elo? wat bedeit di Metapher? Transzendenz, bestëmmt! Mais wéi eng? Vun der Däischtert an d'Liicht? Komm! Dat ass mir dach awer elo ze bëlleg hei. Sou primitiv wëll ech dann awer net sin. Mais wat dann?
Ech kucke mir de Koup Steng mi genee un, an entdecken do Uspillungen un "das ewig Weibliche". Gin ech ze wäit? Keng Aanung, ass och net wichteg. Mais dat Lach an deem Steen, dee grad am Gëllene Schnëtt läit (firwat wuel?) intrigéiert. An di zwee Steng niewentenee just virdrun! Gesäit een do eng Zort Reminiszenz un d'Venus vu Willendorf? Oder einfach ee Mënsch, stiliséiert? Ech loossen dat mol sacken.
Ech dréinen d'Liesrichtung ëm.Vu riets no lénks, also orientalesch gekuckt, ass dat den EGO, dee mir all mengen ze kennen? De Puppelchen, dee verblend gëtt, wann en aus dem Bauch rauskrécht, d'Kanner- a Jugendzäit, wou séch d'Liewensketten an der kloerer Mélléch vun den Idealer an dem Schutz durch d'Gesellschaft doheem an am Peergroup an der Schoul nach dra bued, mais awer scho lues a lues driwwer rauskënnt. An dann, an der Mëtt, di éischt Steng an di éischt Schieder, bis dann zum Schluss een d'Däischtert an d'Roughness vum Liewen erkennt, mais do ass een da schon ukomm an d'Kette vum Liewe vermëscht séch am Vignetage vum Bord mat de Steng, an et bleift just nach ee schwarzt Näischt iwwreg. O wi deprimant! Ech mengen, ech brauch Mandarine, Rous a Sandelholz fir zou mir ze kommen... Diffusor, wou bass du? Hauch däin äthereschen Otem a mäi Büro!
Gennaro, wat méchs du nëmmen, datt déng Fotoe sou Psychotrope sin?
Elei ass en Konzentrat un super Interessant Konzepter
1- Lies-direktioun: Dei den Ennerscheed tescht West an Ost ennerstreicht ... awer ech geif awer och den Indeschen Osten als Referenz huelen an dei liesen ewei mir...
2- Symbolik an der Fotografie ... En Traité keint een doriwer schreiwen ... awer et ass och en superen Diskussiounsargument . An Grad an Propos Diskussioun... Mir waerten an der Fotoschoul Peiteng eng " Sektioun" ( ) schafen dei sech " Association Culturelle Photographique " (am fong get et dei schons... De programm get opgestallt an e puer Wochen ) wou mir Loscht haetten esou Argumenter ennert de Leit ze brengen dei Interessen hunn op d'Philosophie an der Potographie oder op der Base vun klengen Digital Austellungen en Thema X nennert ais beschwaetzen ...
3- Dann als weideren Punkt ass d'Subjektivisatioun vum Bild ... do huet de Proust e puer flott Sachen beschwaat ... dest ass och eng Enzyklopedie waert...
4- Den Ego an sech.. eng onendlech Diskussioun
5- Wuert " Transzendenz" ... top thema fir op manst 2 Joeren e puer Owenter am Trimester mat eneen ze verbrengen
6- D'Bild an den Auteur :... Psychotrope ? ... ech mengen all Bild ass Psychotrope mee manner inviteiren op meditativ "iwerléungen " ...
7- An den Merci deen ech dir soen fir den Input denste mer gin hues fir nach e puer Sachen kennen ze leiren dei du esou mat viller generositeit hai erwaenst
Mais di Philo-Photo-Owender do, dat ass schon eng gudd Saach! Ech wënschen iech vill Succès. Géif méch jo nawell och uspriechen, awer vun do wou ech wunne bis op Péiténg ass fir méch eng international Reess vu 45-50 Minutten laanscht di westléch Grenz vun eisem Laund.
Mais dat Thema vun der Photographi als eng Spart vun der Philosophie ass "ein weites Feld".
An dee Kontext passt och mäi Livre de chevet, an deem ech schon zanter e puer Joer periodesch e puer Säite liesen. Esthétique de la photographie vum François Soulages. A consommer avec modération pour mieux en tirer la quintescence, géif ech do soen.
An da schwätz du de Mars un, dee ee groussen Deel vum Liewen a séngem Bett louch an di beschten Zäit séch geholl huet, fir literaresch ze philosophéieren. Loosse mir keng Zäit verléieren, a weider photosophéieren!