Kommentar vum Fotograf:
opdäitsch: Segelfalter
op franséisch: Flambé
gesi bei Cochem um Moselsteig an engem Strauch laanscht ee Wéngert. Dee heite soutz onbewegléch op deem Halem hei, well hie séng Eeër geluecht hat an elo sou schwaach war, datt hie just nach op säin noen Doud geward huet.
D'Natur ka grausam sin. Am Hierscht ee Raup, am Wanter eng Popp, am Summer ee Päiperléck bis an den August, dann Eeër geluecht an hopp, dat war et dann. Ech stelle mir léiwer net vir, mir Mënsche géifen och dat Zäitlécht seene, wa mir bis Nowues op d'Welt gesat hun...