Jo, den Ascht stéiert mech selwer och. Mee vu dass ech "just" Lightroom hun ass daat mam "wechstempelen" net emmer sou einfach, hun et probéiert mee et hätt een et gemierkt. Leider stung hien minutenlaang just do an ech haat keng aaner Geleenheet (resp. dunn keng Gedold) fir en aanescht ze knipsen.
Mat der Schärft sen ech perséinlech zwar zefridden.
OK, wanns Du keen Photoshop hues, dann gett et schwiereg.
Waat ech zur Schärft gesoot hun, bon, ech sinn do vielleicht e bessen pingeleg, mais wann ech kucken 1/80 sec bei 270 mm Brennweit, daat ass trotzdem e bessen wéineg, esouguer wanns Du se mat engem Stativ gemacht hues, mais wanns Du se aus der Hand gemach hues, dann ass daat menger Meenung no d'Ursaach.