loool
ech kann nemmen chill soen
di foto strahlt iejendwei deck deen fläir aus su wi sech verschidden menschen behuelen
zumools an der schoul=P
nee mee eng relax foto idee an emsetzung gefällt mer!
hrhr...melle mech aus engem friemen universum viir 2 commentarer oofzegin.....
1) ...intressante model.... erennert mech liicht un de king louie... *muahaha* "now he's the king of the swingers, oooh, the jungle VIP... " :P )
2)......de klex huet rem zougeschloo...... besser haett een deen äffchen do net kinnten an szeen setzen....
si begeeschtert... )
Merci engersäits huet den äffchen scho räscht, hien huet sech selwer an szene gesaat ;)
klex zuerzäit nach emmer abwesend dauert na bessen, mee derteschent kommen alt mol su saachen wi hei
Tiens, tiens!!!??
... an, an waat fir engem Zoo wor daat dann?
Vill Chance haas du do Klex ...
well ët ass schon een ganz rart an eenzegaartegt Exemplar vun HomoSapiensPhotogen(i)us Spezie... daat sech gaeren vun Zäit zu Zäit verstoppt fir sech ze ressourcéieren ... obwuel ët awer zimmlech mënschenfreedeg ass, ganz hëllefsbereed ass, an och ëmmer erëm gaeren, litteral, virun d'Lens spréngt, esouguer (oder zemols!) virun seng eegen Lens, an dobäi all kéiers seng schon zimmlech impressionnant Zong erausstreckt ... ) ...
... seng Kompetenzen an Leeschtungen sin, obwuel schon ganz wäit fortgeschratt an onverkennbar, trotzdeem nët definitiv an och nët festléebar, well se an permanenter Anfroostellung, Beaarbechtung, Experimentéierung an Entwécklung sin ...
an am Moment ass dësen spezifeschen Mogwayus Exemplar, hei den Garryus, aus deenen Grënn och an (s)enger PG-Hibernatiouns-Phase ..
awer heiansdo mëcht en een Aan hei op, oder och emol zwee, fir sech ze versëcheren, dass d'Welt nach ronn ass, an nach ronderëm dréint ... an dann, deemno den Moment deen hien graad erwëscht huet, dann geet en awer ganz schnell erëm ...
Also een Exemplar waat zu deenen Spezien gehéiert déi absolut virum Ausstierwen geschützt mussen gin ...
Dofir Klex, du hues deen Mogwayus Garryus ganz gutt erwëscht an, an senger voller Pracht festgehaalen ... tiptop!!