Daat dierft méigelech sin, ech kännen een deen mir ganz no steet deen esou eng Maschin huet, esouguer frësch geschmiert, so mer einfach bescheed. Ech muss dech awer warnen, de Suchtfaktor ass immens héich
..ech gesinn du hues d'Filmtransportrad duerch eng Kuerbel un dengem 'Cube' ersat. (ech perséinlech hun de de Film och léiwer an engem Stéck mat enger Kuerbelemdreihung weider transportéiert)
..hoffentlech loossen déi puer Hiersteller hier Rollfilmer nach eng Zäitchen am Programm, ..fir dat nächst 1/2 Joerhonnert hun ech zwar meng Bedenken
..ech si jiddefalls weiderhin op gutt Biller mam Cube gespaant..!!
Ech hun lang no enger Kurbel gesicht am mint Zoustand.
Si ass méi elegant, hëlt nanner Plaz an der Breed fir an Kameratäsch, an fir mech manner konfus wëll ech ëmner um Transportrad well scharfstellen par analogie zur Rolleiflex wou esou en Knauf drun ass fir d'Schäerft ze regléieren. Fir de Filmtransport geet näischt iwer en schéin klassesch Kierp déi gehéiert zum Zeremoniel. Lo wou's du et sees, ech misst navel drun denken fir eng etlech Rullen an ze fréieren