OK, ech hu scho méi oft am Sport Matzéier probéiert a weess, datt et nët einfach ass. Hei ass fir mech awer nach Loft no uewen,
Ech weess nët op et un der Beliichtungszäit läit (bei esou Motiver fueren ech minimum mat 1/60tel) oder un dénger Bewegung.
Awer eent ass sécher: et feelt nët vill, bis datt's de drop bass!
Merci fir däin Kommentar. Wéi's de gesäis hun ech mat 1/40tel geschafft, daat war wuel e bessen ze laang hei. D'Fauschtregel ass jo Vitesse = Beliichtungszäit, ech mengen deen Polizist hei war méi séier. Oder ech hun gewackelt, den VR ass irgendwann natierlech och iwerfuerdert.
Ech hat d'Beliichtungszäit gesin an dofir dat och geschriwwen.
D'Fauschtregel ass op alle Fall gutt. Wat och wichteg ass, ass perpendikulär zum Motiv ze stoen, fir en optimalt Resultat. Ech probéieren meeschtens bei esou Fotoen verschidden Astellungen aus.
Ech wullen emol a méngen Archiven a posten den Owend eng Foto, déi ech zu Paräis bei Arc de Triomphe gemacht hun a posten se den Owend.
Super, dann sen ech mol gespaant.
Meng Erfahrung ass allerdings déi dass d'Fotoen wou ech d'Motiv riicht virun mir hun, am beschten gin. Natierlech viséieren ech d'Motiv virdrun un, benotzen den AFC, a mat der Serienfunktioun ageschalt drecken ech of an hoffen den AFC schafft et nozekommen.