Fir mech déi flottst aus der Serie ( bis elo ).
Nët nëmme richteg Neonfaarwen, mee och Reproduktioun vun der Spiggelung als Top-Diafonalelement ënne lénks am Bild (du hues do nach e klengen Upassungsproblem un der Schëller, awer dat ass Soueren op héichem Niveau.
YES!
Merci Merci!
Den rosa Rand ob der Schëller ass mer och nom roplueden obgefall, mee deen ass awer effektiv original sou. Hunn an deem Eck näischt richteg geshopped, just klasseschen Filtrage. D'Reflexioun an den Glieser hunn ech no riets missen erweideren vir dat se den ganzen Brëll ausfëllen, soss ass näischt truquéiert. Ech kucken mol ob et méi realistesch ausgesäit wann ech dat nach upassen. Wollt souwisou och mol probéieren den Hg riets mat deem hellbloen ze ersetzen...
Hmm... eigentlech hunn ech déi diagonal Linn ganz cool fonnt vir d'Dynamik, mee mei roueg gett se dann effektiv. Vu dat ech sws nach eng Kéier drun spillen kann ech dat dann och nach ausprobéieren.