Jo, hei huet d'Lucht och geklappt. D'Gletscherschlucht ass uewen esou schmuel, dat d'Sonn je no Wénkel just während ganz kuerzen Zäiten an d'Schlucht erschéngt, an d'Situatioun je no dem wou ee sech grad ophällt vu Minutt zu Minutt ännert.
Merci Georges.
Mir fällt näischt Gescheits an, fir dat ze beschreiwe, wat ech hei erliewe, wann ech di Foto hei genéissen. Ech schumme méch awer, fir just "Super Foto" ze schreiwen. Eppes ass sécher: déng Foto mécht mir Loscht, neess séier. séier an di Schwäizer Bierger ze fueren...
Ah dach, eppes kann ech awer nach schreiwen: Mir gefällt den "Hart-douce-Kontrast" hei, vun dem scharf gezeechenten Äiszapfen lénke an der doucher Liicht- a Waasserdouche rechts. Mais bon, sou eppes Ähnléches huet de Georges jo och scho gesot.
D'Schlucht ass schmuel awer imposant an impressionnant fir zou Fouss ze duerchwanderen, zemools am Fréijoer wa richteg Waasser kënnt. Sie ass awer net onbedingt immens fotogen, vu datt de Fong meeschtens am Schiét läit, souguer am Daag an et gesäit alles just gro aus.
Wéi schonn's dem Georges geäntwert verleeft d'Schlucht am Zickzack, an intressant ass et moies fréi, wann d'Sonn tëschend de grousse Fielswänn vun Eiger a Wetterhorn während kuerzen Zäiten op verschidde Plaatzen eraschéngt. D'Opnahm ass allerdings am speiden Hierscht entstanen ouni all ze vill Waasser.
Merci villmols fir deng Appreciatioun.