Do stungs de mol keen km vu mengem Haus wech. Stin och oft do, eng herrlech vue déi emmer rem zu neien Fotoen alued.
Däin cadrage ass hei immens gudd gelongen, allerdings sen ech der Meenung dass bei Landschaftsfotoen wéi des eng faarweg Foto vleit besser gewiescht wir.
Merci Paul fir deng Appreciatioun. Ech wor effektiv bis op Greiveldeng getrëpelt an duecht ech misst dech bei dem schéine Wieder op engem Sonndeg an de Wengerten begéinen. Ob sw oder faarweg, ech stellen ëmmer hei fest wann di 2 gewisen gin dat d'Menungen gedeelt sin. Et ass eben a.d.g.
..déi liicht haart a kloer Struturen vermëttelen ee wonnerbaren Androck vu Liicht an dengem Bild, Georges. Fäine Cadrage, d'Musel mat de béidsäitegen Stroossen an enger Diagonal am Bild ze placéieren.
Hei wär ech frouh nach e puer Erklärungen vun eisen Meeschteren zum S/W ze kreien.
weigesot, ech sinn erreicht 1 Joer mat dësem flotten Hobby am gang, hunn e bessen Literatur dozou gelies a geif elo mol einfach dëst hei soen: am lenken Deel ass baal eng konstant Verdeelung vun groen Téin (bis op deischter Schietter beim Dach a Boot ), um rietsen Deel ass vill manner hell Gro dran, vill Schwarz, domat ass dest Bild fir mech an 2 gedeelt, Diagonal vun der Mousel fänkt daat nët ganz op.
wees net op ech domat richteg leien?
Merci fir däin feedback. Ech denken et huet mat der Positioun vun der Sonn ze din, ech hun jiddenfalls net un de Grotéin geschaft, di waïss Haiser an d'Stooss reflétéieren natierlech och hell Téin op der lënker Säit.
jo kloer dei vill Scheiter a Positioun vun der Lucht ass gewosst, dofir kann just Motiv. Ass villaischt Affaire de gout? fir mech ass et irgendwei nach ëmmer een Ongleichgewiicht am Bildopbau, mee bon geklot op heigem Niveau wei se hei schreiwen, a villaischt just a mengem Kapp