Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rottalhorn

 
Rottalhorn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.12.2018
  • Gekuckt:
    61999
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    85 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 1EV
  • Gréisst:
    1800x1311
  • Späicherplaz:
    1296 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89634]
Kommentar vum Fotograf:
..mat Rottalsattel, Wallis.

Inspiréiert hun ech mech um t-ren sengem Bild "S/W" vum 3 Dezember, woubäi ech ebenfalls S-vill Schwarz, /- eng Diagonal, a W-vill Weiss wolt weisen.
Bei geneeër Betruechtung gesäit een an der Mëtt vum Bild, bei der Nues vun der grousser ´Schnéiwächte´ zwee Alpinisten beim Ofstig vun der Jungfrau 4.158 m
t-ren 20.12.2018 - 12:29
Ha ! Inspiratioun ass emmer gudd, merci.
Flott Téin a Schärft, dei 2 ginn e gefeierlechen Wee...
Gefällt ganz gudd
marker 21.12.2018 - 11:40
Heiansdo brauch een eng kleng Inspiratioun, esou wéi an desem Fall. D'Bild war net fir een Upload virgesi, vu dat mech d'Original an der Faarw net richteg iwwerzeegt huet, eréischt am S/W koum "Liewen" dran.
Merci t-ren, mech freet op alle Fall dat d'Bild dir gefällt.
Paul-H 20.12.2018 - 12:59
En impressionant Bild, besoonesch wann een drop klickt.
marker 21.12.2018 - 11:41
Merci Paul-H, dat freet mech.
D'Säiteliicht dréit hei natierlech och säin Deel zu de villen Detailer mat bäi.
Paul-H 21.12.2018 - 11:44
Absolut.
Jean-Jos 20.12.2018 - 22:18
Du weess vläicht, datt's de mech mat esou Biller ëmmer nees an däi Bann zitt's (d'Graubündner Bierger hun annerhalleft Joer vu ménger Kandheet geprägt), de Wallis kennen ech (méi oder wéineger) gutt durech e Frënd, den do e Chalet huet an durech eng onvergiesslech Woch mam Warmloftballon do am Januar 2011.
Hei ass alles richteg: Tounwäerter ( awer dat ass bei dir souwisou ëmmer esou bigsmile ), Kompositioun mat flotter, genialer Diagonal, sw immens agesaat, Luucht a Schieter "de part et d'autre".
WOW
marker 21.12.2018 - 11:36
Deng exzellent Biller mam Warmloftballon hun ech nach a ganz gudder Erënnerung, besonnesch
d'Landung op der Plaine-Morte.
Merci Jean-Jos, däi Kommentar appreciéieren ech richteg.
gemu 21.12.2018 - 08:16
Imposant, majestätesch, Yin a Yang am Glächgewicht mat excellenten Grotéin, waat wëllt een do méi, do fillen sech net nëmmen di zwee Biergofsteiger wuel. Genial Opnamm Marc
marker 21.12.2018 - 11:42
Merci villmols fir däi Kommentar Georges, schéin beschriwwen.
Mech freet et natierlech dat d'Bild dech usprecht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 282 Gäscht online