Eng alpin Landschaft brauch net ëmmer onbedingt Schnéi, wéi dës exzellent Opnahm hei beweist, ...dramatesch Wolléken plus déi grandios Luucht machen d'Bild hei aus..!!
Ganz gutt esou..!!
Obschon d'Astellungen vun der Kamera e bessen komesch sin ( 1/1500, 800 ) ass et eng super Opnahm mat vill Relief an eng ganz Palette vun brongen Téin.
Jo René, virwaat déi Astellung? Daat war um retour vum Tomasselli Klettersteig, do ass e voll gepack, an ëmmer op der Wee konzentreiert, wahrscheinlech war ech virdrun an eng vun den Galerien aus dem 1 Weltkrich eran luessen, et kënnt mer oft fir dass ech vergiessen Kamera erem richteg an ze stellen
Wann ech aleng ënnerwee wir geif ech mer méih Zait huelen, mee dann wär et och ëmmer daischter a nach méi speit, well ech permanent am Gang wär mat knipsen.
Wann ech sou Fotoe gesin, da sin ech richteg frustréiert, datt ech a ménger Jugend irgendwann opgehalen hu, gesond a sportléch ze liewen. Haut trauen ech mir et nët méi zou, sou Klettersteigen an Ugrëff ze huelen. ech hat scho méng béis Méih um Moselsteig dat viirecht Joer. Awer déng Biller steppele méch trotzdem op, eppes dofir ze maachen, datt ech neess eng gewësse Form opbaue, fir awer nach ee Stéck Alpenüberquerung ze riskéieren. 56 Joer ass jo awer nach jonk, am Fong.
Merci Nico , freet mech dass meng Biergbiller gefallen. Zesummen hun mer 110 Joer, do ass nach vill dran ....
Den Monte Averau ass en einfachen Steig, anescht wei den Tomasselli wou dest beim Retour entstaan ass.
Kletterausrüstung , Gepäck, an dann nach een Apparat mat 2 Objektiver ass schon e Pack um Bockel.
Ech war och nie sportlech, mee meng Recken op virun 13 Joer huet mech motiveiert eppes ze machen, an elo saugen Bierger mech op a loosen net méi lass... Ech zeihen et einfach durch, dei meecht iwerhuelen mech ennerwee well meng Puste schnell fort ass, mee egal, elo oder nie, allez hopp. LG Ren