Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

slow down

 
slow down
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.01.2019
  • Gekuckt:
    36935
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/90 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    90 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x998
  • Späicherplaz:
    859 KB
  • Originaldatum:
    2018
  • Fotoapparat:
    M9-P
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Leica Elmarit 90mm f/2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89686]
Kommentar vum Fotograf:
Leica IIIf (1956) + Leitz 5cm f/3.5 collapsible (1957) + Leica Universalsucher fir 35mm, 50mm 90mm a 135mm Brennwäit

Eleng de Film aléen ass scho bal eng Wëssenschaft fir sech. Bis een de Film mol richteg dran huet, - e puer Versich si bei mir meeschtens néideg-, ass och schon di next Generatioun Handy um Maart. Kadréieren an d'Schaerft astellen ass e Gefill wéi wann een mat enger Spigelreflex duerch e Schlësselach fotograféiert. Di laang Zäiten gin separat agestallt.D'Beliichtung get souwisou per Hand gemooss oder au pif geschaat. Ouni Universalsucher, (dann just mat 50mm agebautem Sucher a 50 mm Elmar Ojektiv daat sech an d'Kamera randrécken léisst) passt se bequem an eng Mantelstäsch fir als Ëmmerdobäi("knips") Eventuell kann een och nach domat erausfannen ob den Dëschnooper e Stop am Ouer huet oder ob hien engem einfach net wëll nolauschteren ;-) . Alles an allem eng richteg Spaassmaschin fir puer Gäng zréckzeschlaten an d'Resultat mengen ech, léisst sech weisen:

Knokke
Nicon07 15.01.2019 - 18:03
Bei den analogen Apparater (ouni automatesche Beliichtungsmiesser, deen d'Programmer steiert, wéi dat ab de 70er/ 80er Joeren ongeféier lues a lues perfektionnéiert gouf) ass souwisou d'Optik dat, wat d'Qualitéit vu der Foto ausmécht. An do ass Leitz vu Wetzlar zanter Mënschegedenken den Nec plus ultra. Dofir kanns du mat dësem Bijou eigentléch nëmme gudd Fotoe maachen. Déng Fotoe vu Knokke beweisen dat jo op eng beandrockend Art a Weis. An da gesi mir se hei "just" op engem Ecran, och wat dat ee 5K ass, wi mäin. Dat doten op Fine Art Baryta (net mat Tëntestraldrocker, mais beliicht vum Negativ), dat muss engem dach d'Schudderen iwwert de Réck laafen din.
gemu 17.01.2019 - 07:43
Ech loossen di bescht Biller souswisou op analog Fotopapeier drécken (Tëntenstraadrocker). Mee elo hues de mech awer op eng excellent Idi bruecht fir den analogen Genoss nach ze steigeren. Ech mengen ech hun nach en oder di aner Adress vu Spezialisten déi nach vum Negativ beliichten. Et ass zwar net ganz bëlleg, awer bestëmmt dowaert fir mol mat enger ze probéieren fir den Ënnerscheet ze gesin. Merci Nico fir den Tip.
marker 18.01.2019 - 12:26
Zu Hollerech an der Escherstrooss kriss de nach professionell Ofzich vu Film gemach. Ech well keng Reklamm machen, ech denken du weess awer schonn wien gemengt ass.

Ah jo, ee Bijou vu Kamera.
gemu 19.01.2019 - 11:07
Merci gin dann mol laanscht kucken
t-ren 18.01.2019 - 20:08
ech ka naischt heizou soen, Foto wei ëmmer wow, sin frouh esou Sachen hei ze entdecken, an eiser digitaler Welt, an och frouh nach esou ähnlech Knätonguepercher op menger XT2 ze hunn. smile
gemu 19.01.2019 - 11:07
Merci René, a jo di Knätongueper se sin net nëmmen schéin me och ganz praktesch och op den modernen Digis.
t-ren 19.01.2019 - 13:13
jo , am Menu ronderem ze wullen, daat nervt - weniger ist mehr

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 449 Gäscht online