Menger Meenung no giff déi Foto besser am Héichformat funktionéieren. An zwar deen mëttelsten Deel mat den Segelbooter an der Reflexioun vun der Sonn um Waasser. Héichformat dowéinst, well ech deen rietsen Deel mar der Küst als stéierend empfannen. D'Faarwen vun den Steng, vum Waasser an dem Himmel harmonéieren hei fantastesch, wat des Foto ausmëcht. An du hues héi definitiv am richtegen Moment d'Segelbooter gerooden!
Merci fir déng konstruktiv Virschléi. Ech sin zwar net dénger Meenung, datt een eng Plage soll am Héichformat fotograféiere, mais recht hues du mat deem Steck vun der Küst rechts, wat wéi een Dar an d'Bild stécht. Ech géif dofir ee Kompromëss firschloen an d'Foto op 4:3 oder carrément 1:1 (LOL, wat ee Wuertspill) schneiden.