Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
All Fotoen an dëser Serie:
46540 Thumbnail
46541 Thumbnail
46542 Thumbnail
Gevabox
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.01.2019
  • Gekuckt:
    66652
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89722]
Kommentar vum Fotograf:
Méngem Bopa séng Gevabox, aus der Mëtt vum läschte Joerhonnert. Keng Aanung, wéini genee hien déi kaaft huet.

Dann doniewt nach een Negativ an d'Konversioun dovunner am PS aus dem Valais, vu Grächen, 1997.
gemu 27.01.2019 - 08:36
Richteg flott presentéiert Nico esou an der Serie mam Negativ. An lo ? Film dran a lass si waard jo nëmmen drop fir eraus an den Asaatz. Et muss jo net onbedenkt de Valais sin smile
Nicon07 27.01.2019 - 11:12
Hues du gesi, wéi vill Astellungsméigléchkeeten déi huet? Do misst ech dach am Moment mindestens een 800er Film dramaachen. Wat kann een dann do als Highspeedfilm am Rullfilm nach um Maart fannen?
gemu 27.01.2019 - 11:38
Daat ass jo e richtege casse-t?te: Kodak Portra 800 farweg ass tip top oder Trix 400 op 800 gtepuscht, eventuell ilford delta 3200, deen huet effektif n?mmen 1250 iso a get och esou a mengem Labo entweckelt. Hun awer elo keng Erfahrung domat am Rullfilm just am 35er film an do hun ech keng esou gut Erfahrung gemach, zevill Grain
Nicon07 27.01.2019 - 14:20
Merci fir déng Informatiounen. Ech kucke mol, fir eventuell bei méngem Fotogeschäft vum Vertrauen ze froen, oder bei deem Internethändler mat "a" ze kucke, wat deen huet.
gemu 27.01.2019 - 16:02
Du fënns daat och op der Escherstross am Fotogesch?ft oder bei eisem sponsor, natierlech och an Amazonien oder am Internet bei Fotoimpex di hun e riese choix
Nicon07 27.01.2019 - 16:26
Ech hu lo grad Ilford 1 HP5 plus 120, Ilford Delta 3200 120, Ilford FP4 Plus 120, Ilford 400 XP2 Super Film 120 am Urbësch vu Südamerika bestallt. Fir dat entwéckelen ze loosse, brauch ech een, deen dat kann, an da kaafen ech da bei deem op der Plaz nei Filmer ouni mussen durch d'Welt ze reesen... closed_eye
marker 28.01.2019 - 10:21
Eng aal Foto-Bauereregel beseet: "Die Sonne lacht - nimm Blende acht" smile
Dëst wor seinerzäit bezun op eng Empfindlechkeet vun ISO25 a beliicht mat enger Verschlosszäit vun 1/125 Sekonn. Mat engem handelsübleche Film vun ISO100 oder ISO400 kanns de ouni weideres a ganz ville Situatiounen mat där Maschin Biller machen, och bei enger Blend vun 11-16
Fachgeschäfter gin ëmmer manner, wéi ech dem Georges awer och schon virun e puer Deeg geäntwert hun, bei engem bekannte Fotohändler op der Escherstrooss kris de nach praktesch all Film, an bitt op Wonsch och ee professionelle Entwécklungsservice un.
Et get awer warscheinlech och nach anerer, ech wëll op dëser Plaatz keng Reklamm machen..

Nicon07 28.01.2019 - 12:54
Ah! Dofir hun ech mat méngem Papp sénger Agfa Silette fréier mat 12 bis 15 Joer (wou ech du méng Canon A1 krut) sou gudd Fotoe gemaach. Deemols hun ech méch un dat gehaale, wat op de Këschte stoung, wou d'Filmer dran agepakt waren. A virun allem hat ech deemol quasi nëmme mat DIN-25 (also ISO 100) geknipst.

Merci fir de Link. Mais wat maachen ech da lp mat deem schnelle Film, deen ech bestallt hun? bigsmile
marker 28.01.2019 - 15:52
..euhh, .........ee Grofilter opsetzen....!!!! bigsmile
Nicon07 28.01.2019 - 17:27
A wéi setzt een dann op sou eng Këscht ee Filter? Do muss een dat da mat der fräier Hand virun d'Lëns haalen. bigsmile

(Lo haale mir op, soss op eemol mengen di aaner hei nach, ech géif näischt vu Fotografie kennen... closed_eye bigsmile )

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 296 Gäscht online