Di giel Blumme sin zwar schéin ze kucke, mais di wäiss Dénger hei, mat deem schwarze Säckelchen ënnendru si méi wichteg, fir datt mir dat näxt Joer kënne Bettseechechzalot stieche goen...
Déng Foto hei ass wéi eng Szen aus engem Film. Dee Still rechts mat deene puer "Fallschirmer" seet zu der Blumm lénks: "Bretz déch net sou, wéi een opgeblosene Ball, eng kleng Lëftchen, an da stees du och sou plakech do wéi ech lo..."