Wéi schon op aanerer Plaz geschriwwen: Perfekt Foto mat absolut éischtklasseschem Bildopbau. Mir gefällt hei firun allem, datts du vum 6X6 Quadrat vun der "Blad" profitéiert hues, fir d'Rumm am Zentrum ze plazéieren, awer di Steng am Mier éischter no zum Gëllene Schnëtt hues. An dann eegent séch dat Motiv do besonnesch gudd, fir Grostufen. Déi "Skulptur" do erlabt dir en plus, schwarz an d'Foto ze kréien, a well soss am Bild kee proppert Wäiss ass, hues du gudd dru gedoen, dat mat dénger Rumm ranzebréngen. Mir gefällt dat dote ganz gudd an ech ka mir virstellen, di Foto do an enger 90X90 cm schwarzer Këschterumm a ménger Stuff hänken ze hun. Déi wier perfekt bei eis perlwäiss-noyer Miwwelen a schwarze Kanapee...