Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mont saint Michel

 
Mont saint Michel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.03.2020
  • Gekuckt:
    33813
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/160 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    800x800
  • Späicherplaz:
    498 KB
  • Originaldatum:
    2018:04:06 19:46:39
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90471]
Kommentar vum Fotograf:
Mat Mound. Wat haalt dir vun dëser Beaarbechtung?
rosch2014 21.03.2020 - 11:22
-Eng herrlech Stemmung mat schei'nen Faarwen an Schein duergestallt
wuff 21.03.2020 - 14:27
Merci, ech hunn fonnt dass den Mound gutt géing do hin passen. Hunn en am Luminar agesat dat geet ganz einfach.
Rodolphe 21.03.2020 - 11:27
Nach mol d?i selwecht Foto just den Mound agesat an dan nach ehn Waf dobei naja do soen ech elo neigt mei ???
ass dat well Leit sech hei besser kennen ???
rosch2014 21.03.2020 - 13:01
Här Rodolphe. Dat do fannen ech eng Frechheet. Ech hun just meng Meenung zu där Foto gesoot oder as dat verbueden. Ech kennen keen perseinlech hei op dem Site an sin frpu wann ech meng Biller hei weisen kann an och emol eng Kritik kreien doduerch kann en nemmen leieren. A bon entendu
Paul-H 21.03.2020 - 17:18
Déi Diskussioun gouf et virun Joeren hei schon. Et ass secher net verwerflech déi selwecht Foto an ofgeännerter Form nach eng Kéier ze weisen an d'Useren dann em hir Meenung ze froen. Am beschten wir natierlech do eng Serie mee oft hued een verschidden Iddien eben méi spéit. Si ass jo och lo net méi an der Wochenofstemmung an dofir soll een dann och net méi hei streiden.
Ech fannen d´Foto ganz uspriechend, och wann een iwer d'Gréisst vum Mound kéint diskutéieren.
wuff 21.03.2020 - 19:34
Do hat ech awer elo en décken Steen an d'Waasser gehäit. Mais et geet jo haaptsächlech em d' Diskussioun an ëm d'Kommentaren hei fir sech weider ze entwéckelen.
d'Gréisst vum Mound ass effektiv net ganz esou realistesch gewielt, et war just en schnellen Versuch am Luminar fir den Mond anzefügen. Am Verglach mat der Foto ouni Mound fannen ech dass et en bëssen eng aner Stëmmung vermëttelt.
Paul-H 21.03.2020 - 19:44
Absolut, jo.
Rodolphe 21.03.2020 - 12:50
Well awer nach hei eppes soen et ass net normal das den Mound essou grouss ass ???
do ass fir mech den Waf net ok an 2x dat selwecht ?? hun neigt gengt eng Kritik awer hei sin Leit wou ech mol gekuckt hun ,dei anner Kretiken ginn an selwer Fehler machen dorfir wees ech net ob ech hei richteg sin soen Merci
wuff 21.03.2020 - 14:25
Jo et ass bal déi selwecht wéi ech schonn emol hei hin gepost hat, ech wollt kucken wat den User vun der Säit besser gefält.
Jo ech hunn bei är Fotoen schonn heiansdo en Kommentar gemaach, ech denken dofir ass des Säit jo geduecht, fir aner Usiichten ze kréien iwwer seng Aarbecht.
Jo ech maachen och Feeler an een dovun war Iech meng perséinlech Meenung vun ären Fotoen ze ginn. Ech wäert dat dann an Zukunft dann net méi maachen.
Jaycee 22.03.2020 - 17:15
Do, de Rodolphe war pikéiert an huet säin account geläscht ouni Äddi ze soen. Et gin eben Leit déi keen Humor hun, alles béiereescht huelen a keng Kritik vun engem méi Jonken verdroen, zumols wann se mengen dee wär och nët besser wéi sie...

Zu denger Foto; ech fannen ët ass eng vun denen besseren Mont Saint-Michel Fotoen an den ze grousse Mound gët er én interessanten Touch.
wuff 22.03.2020 - 19:52
Merci fir däin Kommentar.
Eric_1989 21.03.2020 - 22:46
top mike smile
wuff 22.03.2020 - 06:49
Merci
pixelman10 22.03.2020 - 09:47
D'Helleghéet vum Mound ass korrekt, en ass aawer e bessen ze scharf an huet esou Krack op de Kanten. Kënnt warscheinlech vun der Vergréisserung.
wuff 22.03.2020 - 10:01
Merci fir däin Komentar. Et war en schnellen Versuch en Mound anzebauen am Luminar, ech hunn do net esou vill op Qualit?it opgepasst. Et kann och sinn well d'Foto just mat enger Opl?isung vun 75dpi erop gelueden ginn ass

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 287 Gäscht online