Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sandra 2

 
Sandra 2
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.08.2006
  • Gekuckt:
    21939
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    41
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    26 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    700x500
  • Späicherplaz:
    224 KB
  • Originaldatum:
    /
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:
RAW

Milk :)
a Blimmerscher

Fir anzesetzen: [pg_img=9055]
Kommentar vum Fotograf:
Hoffen si ass net zevill ''gewoot'' wi an de Konditioune steet... :/
MarcGerard 16.08.2006 - 12:50

klex, klex, ...
gewot as se net giff ech soen.... mee se reitzt closed_eye fannen se flott!
klengtfierkel 16.08.2006 - 12:50
nja .. zvill gewoot geiff'ch et net nennen .. geseid en jo neicht an dm senn ..
hei gefällt mer den gesichtsausdrock iergendswei net mi sou =/ geseid su ugespannt aus .. bessi skeptesch sou ..
séng roud neel stéiren mech perséinlech och bessi .. well déi roud sin .. an soss neicht am bild roud as .. jo as nemmn en klengt detail ..
lo hun'ch rausfonnt wat den komeschen bloen fläck as tongue en ouerrang oder ?
dat mat da bidden an dem mellechzuzzi fannen ech schéin .. och di blummeblieder .. dat as flott
wan d'sandra bessi mi entspannt géiff kuckn waer se rem top smile
klex 16.08.2006 - 22:55
Merci smile jo, deen bloen zuutz wuar en ouerrank.
MarcGerard 16.08.2006 - 12:53

fir mech kuckt et erausfuederend bigsmile

dat ganzt wierkt op mech wéi ee lieweche manga: déi kierperhaltung..... fehle just nach gréng hoer bigsmile
klengtfierkel 16.08.2006 - 12:55
jo sou kan en dat ganzt och gesin tongue
Knolles 16.08.2006 - 13:05
/removed/
MarcGerard 16.08.2006 - 13:11

nee, ech mengen dass et dann onersichtlech wier...

ech si just ee dee bei sou fotoen probéiert méiglecht wéinech schmuck, piercings a.s.w. dropzekréien. mee dat as absolut geschmackssach...
klengtfierkel 16.08.2006 - 13:14
ech perséinlech hun e probleem mat senger ketten .. di net su direkt and bild passt .. an den piercing am ouer .. mee jo wies de sess as geschmackssaach .. do mescht jidderen wi en denkt smile
klex 16.08.2006 - 22:54
Jop, den iwwergang kéint ee jo am PS maan, mee mängen d'géif bessen onlogesch äusgesinn...
little-dreamer 16.08.2006 - 14:32
ech stemmen deem alles hei ennendrenner zou!
ech kann na neg keier nemmen wow soen! wonnerschein foto an top realiseiert!!smile
di aaner gefàllt mer awer trotzdeem eng gretz besser!
an et wier wieklesch intressant sou eng kategorie opzemaan!
(p.8)
klex 16.08.2006 - 22:52
Merci smile
depunkt 16.08.2006 - 14:48
flott idee me stemmen dem klengefierkel zou also mat der ketten hun ech kee problem me awer de piercing am ouer fannen ech schued well de passt net ant bild fannen ech me egal du geseis et jo vleit anescht closed_eye
klex 16.08.2006 - 22:51
Ketten eventuell, mee piercing, fannen net dat deen sou an d'Gewiiicht fällt....
Dany 16.08.2006 - 15:10
Uuh Lex, waat hues du eng Chance sou Fotoen maachen ze därfen smile D'Foto geseit wierklech GUDD aus !
klex 16.08.2006 - 22:50
Hehe, merci closed_eye
BlueAkane 16.08.2006 - 15:22
Ech weilt ech wier eng Quitsche ente dann dierft en emer mat op esou flott Platzen!
Dei do ass super!!!!
Flott Bidden... closed_eye
klex 16.08.2006 - 22:49
Merci smile jop, wirklech eng flott Bidden, leider awer net méng...
CHAREL 16.08.2006 - 16:09
Hey Lex flott dass de mol rem eppes roplueds! an dann direckt soueppes --> Supär;)
D'bleien fannen ech passen hei tiptop,och farflech!

Hätt et och beser fond ouni Ketten an piercing!
An seng lenks scheller fannen ech besen ze donkel mee daat kann och sinn well een dei aaner scheller net ganz geseit well dei am mellechwaaser asssmile

Hoffen dat war lo net zevill krittik:-/
Fannen d'foto nehmlech trotz deenen kleng saachen tip top an kritt dofier och eng 9 fun miersmile

Ps:Freen mech schon wan deng Hp ferdeg ass an ech kann och all deng aaner wierker gesinnsmile

MFG Charel
klex 16.08.2006 - 22:46
Jo, hun emmer just komentaren oofgin, an haat loscht der mol engkéier selwer rem ze kréien smile
Mat der Ketten wees ech selwer net, fannen lo net dat se mech stéiert, soss hätt ech et gesoot iert ech d'Foto gemat hätt... mee géif mech awer lo nawell och intresséiren wéi et ouni géif äusgesinn :S hmm, dann ass daat fir d'next kéier closed_eye
Merci fir dài Kommentar! An d'HP ass haut schon rem en stécksche weiderkomm closed_eye
CHAREL 17.08.2006 - 15:49
oksmile
annemie 16.08.2006 - 16:55
di as super! (erenert mech mat de blummeblieder un iergenden film, hm wes awa nemi weieen, egal)
get daat mat der kategorie net bessi zevill komplizeiert?? well fotoen wou et derwert sin - daat beweist jo des foto- gi jo och sou akzepteiert. smile wann herno awer rem 1millioun-mol "daat nemlecht" (am gringen,bloen movgetepelten (as jo nie daat nemlecht) kent [wi "hen a kaatzen"], da get et langweilesch an dann sin der och bestemt rem derbai dei net su "stylvoll" sin closed_eye) hmm...
kuerz: all prospekt fir des foto smile
elmuzo 16.08.2006 - 17:26
Du mengs den Film 'American Beauty' mam Kevin Spacey (ennert Aaneren), mee do woaren et roud Rousenblieder an et woar op engem Bett. closed_eye
klex 16.08.2006 - 22:48
Merci annemie smile lo wous du an den elmuzo et soen, d'ass effektiv su eng szene an deem Film, mee haat awa lo net doru geduet wu ech di iddi haat... a wann ee genee kuckt ass och vill aanres drop... closed_eye
annemie 17.08.2006 - 00:21
LOLbigsmilebigsmile...also daat mam film war jo och just su um rand bemierkt!! et as net dofir wu ech d'foto gudd fannen *punkt* :-P
elmuzo 16.08.2006 - 17:32
Där hut dat net verstaanen, dat sin di eischt Photoen vum klex sengem neien Film 'Luxembourg Beauty'. D'Ketten an de Piercing spillen eng zentral Roll am Plot vum Film, sin also evident net ewech ze denken. ...am d'Mellech ass vun der Lux... , een vun den Haaptproduzenten. closed_eye Nemmen gudd, klex.bigsmile
klex 16.08.2006 - 22:41
Ha, deem éichten deen den Hannergrond entdeckt huet bigsmile
an d'wuar effektiv Luxlait closed_eye
nikel 16.08.2006 - 18:22
Foto unsech gefällt mer ganz gudd, daat eenzecht waat mech en besschen steiert ass den gesiichtsausdrock vum Sandra, ech hunn iegentwei impressioun wei wann et besschen gelangweilt kuckt. Mee sos fannen ech se ganz gelongen.
klex 16.08.2006 - 22:40
Hmm, mänge net dat et sech gelangweilt huet smile sou sollt den gesiichtsäusdrock o net geduet sin...
Olivier 16.08.2006 - 19:17
Hmmmm.... hai feelt mer iergentwei den wow effekt... bon natierlec... et reizt d'foto... mee mei o net... et ass eng foto wei een se oft gesait... ass also nix neues... also lex... wou war deng fantasie?
Nja... trotz alle dem, ass et trotzdeem eng gudd foto... du hues eng idee iwerholl (oder och selwa d'idee gehaat) an och gudd emgesaat... et gesait net belleg aus...

Hmm... ej wees net... do muss o na eppes erausstiechen.... ech hätt vllt na eng eenzeg blei (d: Blüte) dra gemaa, dei vllt schwaaz oder roud ass... daat ass dann schonmol bessen besser an mengen aan...
klex 16.08.2006 - 22:38
Merci fir däi Komentar
-Laurent- 16.08.2006 - 20:10
sou sin lo mol rem doheem
an muss soen saugudd foto !
grr sou kuerz doheem an schon rem sou appetitlech sachen

wirklech gudd mir gefaellt eigentlech zimlech alles
naja fannen lo eigentlech keng kritik hmm

jo wollt allt mol rem eppes schreiwen smile
klex 16.08.2006 - 22:38
Freet mech dat se der gefällt an appetit mecht closed_eye
Merci smile
TBNGR 16.08.2006 - 20:54
wonnerbar, ganz a guer nett méng richtung, och wann ech ee faible fier sou saachen hun, mais bon ech hu mech nach nett getraut!

egal ech fannen se eben super, déi flott joffer gett trotz hierem hellen teint trotzdem nach ee gudde kontrast zu dem buedwaasser! d' bléien am waasser gin den extra-kick, zemools well se giel an nett roud sin ( daat wär mir ze stereotyp ! ). blo bléien wär och interessant gewierscht, obwuel daat wären vläicht ze kaal fueren gewierscht!
klex 16.08.2006 - 22:36
Sou zorten vu Fotoen mat roude Bléien sin iergentwéi scho kitscheg. Dowéinst Giel closed_eye a mam blo gin ech der och rescht...
Merci smile
Olivier 16.08.2006 - 22:41
Jappp... dofier ass et gudd dass de waiss geholl hues... hues en gudden choix gemaa
annemie 17.08.2006 - 00:25
roud waer dach langweilech!! hmmm...next keier liesen ech als eischt alles an dann äntwren ech alles an allem closed_eye) mee d'fuerw vun den bleien fannen ech cool...wierkungsvoll mee net opdränglech...jops...
yoshi 21.08.2006 - 11:18
ech well net soen dass roud langweileg wier, mee sou weis du d'foto geholl hues passt giel besser smile flaicht hängt daat och mam faarwtoun vum model senger haut zesummen.
josedipa 21.08.2006 - 02:47
Geseit mer vill ze vill no Photoshop aus.Vierdeischt mol keieren fotoen maachen an dann photoshop ausprobeieren.
MarcGerard 21.08.2006 - 11:15

ma déi hu mer gäer...
knaps ugemellt, a scho maulen...

also et wier fair, wanns de wéinstens eis an dem klex giffs verroden wat dann hei net gudd ausgesäit, a wat hei no photoshop ausgesäit. an et as wierklech net wéi wann ech drun zweifelen, mee wanns de déng seriösitéit mat 1-2 biller vun däer géings beweisen wier coh flott. soss wees ee jo guer net ob een dech eescht huele soll. wanns de der dem klex séng gallerie mol ukucks gesäis de jo awer dass en ee gewesen know-how huet, an amfong och ouni photoshop eenz gett...
josedipa 21.08.2006 - 13:16
ouf gesin kritiken sin hei net onbedengt wellkomm, wou gesin ech dann dem klex seng gallerie?
MarcGerard 21.08.2006 - 13:37
salut..
hei si jo schon genuch kritike gefall, ouni dass een sech beschwéiert huet..
wats du gemach hues as och keng kritik. kritik gesäit anecht aus... (inspiréier dech bei anere kritiken)

sorry, wann ech bessi streiderech sin, mee ech hun et net an der rei fonnt WéI's de dech audrécks. kritik kann ee konstruktiv, an destruktiv man. déng kritik woar éischtens destruktiv an zweetens net berechtegt. an dénger kritik huet also nach eng begrënnung gefehlt. fläit gesin ech jo net gudd, oder fläit as mer eppes entgangen um bild wats du besser gesäis wéi ech. wann deem sou as: kee problem, firwat net? mee dann begrënn déng these, oder schreif einfach net.

ech hat emfong och net richteg verstan wats de domat mengs "Geseit mer vill ze vill no Photoshop aus" ech fannen net dass dat de fall as...

du kanns dem klex säin usernumm uklicken, an do kënns de op säi profil.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 234 Gäscht online