Kommentar vum Fotograf:
Et ass iech iwwerlooss, heidranner ze interprétéiere, wat Dir mengt. Et ass just näischt a ménger Foto dem Zoufall iwwerlooss. Den Ënnertitel vum Stéck seet alles. An dobei sin ech net betraff, mais ech denken awer un all déi, déi et betrëfft a beeten an hoffen (au, wat ee bëlleche Witz), datt si geschwënn neess op d'Bühn dierfen an dee verluerene "Groschen" nees rëmfannen an séch d'Täsche fëllen. Mir brauche Kultur!