Sou Motiver gefaalen mir emmer. Jenodemm ass et net emmer einfach 100% Symetrie dran ze kréien mee ech gesin daat als Challenge. Hei ass et super gelongen bis op deen klengen brongen "Rondel" uewen am Bild. Ech perséinlech hätt se dofir uewen nach e bessen gecropped. Mee daat ass gemeckers op héichem Niveau.
Merci Paul, ...tjo, ech weess, de klenge bronge "Rondel" hun ech si gelooss fir déi iewescht Säitefënsteren net unzeschneiden. Et handelt sech em d'Bordure vum Duxall.
Hei eng Opnahm am Héichformat, do ass d'Situatioun besser ze gesinn.
Stëmmt, mat der Symmetrie ass esou eng Sach, wann een awer net gestresst ass a sech genug Zäit hëllt, ...an dann esou wéi hei ganz eleng an der Kierch da klappt dat schonn.
Merci Georges