Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zwee Pionéier

 
Zwee Pionéier
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.08.2020
  • Gekuckt:
    29047
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    52 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1800x1202
  • Späicherplaz:
    886 KB
  • Originaldatum:
    2020:08:01 18:32:00
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    AF24-120mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90726]
Kommentar vum Fotograf:
10 Joer leien tëscht der d'D700, der éischter digitaler Vollformatsensor-Kamera, déi Nikon 2008 nei rausbruecht huet an der Z7, der éischter Vollformatsensor-Kamera vun Nikon ouni Spigel a mat elektroneschem Sucher, déi 2018 am Hierscht nei rauskomm ass.
gemu 02.08.2020 - 09:31
D700 eng Legend, se brauch sech awer mat sengen 12MP net ze verstoppen hannert de Megapixelboliden vun haut, et kéim jo och keen op d'Idi d'Biller vun demools ewegzegeheien nëmmen wëll d'Opléisung sech haut bis verfënneftfach huet. Mee bon et ass a virun allem eng Fro vu Gewiicht an zousätzlech MP weien jo näischt, ausser et muss een en externen Hardisk matschleefen closed_eye Flott presentéiert di 2 Pionéier.
Nicon07 02.08.2020 - 22:30
Merci och fir dëse Kommentar.

Du seess et, Megapixele weien näischt, mais du brauchs awer een décken HD fir dat Ganz hanneno ofzespäicheren. Awer eppes erlaben di 46mpxer dann dach... Du kanns "fuddelen", wanns du kee Courage hues, fir mi no bäi zegoen. Well soulaang ee fir eng gudd opgeléiste Foto hei op PG just max 2000 px duerf hun, an 1000 px largement duergeet, fir eng akzeptabel Duerstellung op enger Internetplattform, sou laang kanns du mat rouegem Gewëssen déng Multimegafotoe cropen, bis datts du dee gewënschten Ausschnëtt hues. Do ass dann dach d'Analogfotografie scho méi "éierléch", well do nach ëmmer de Grondsaz gëllt: Ass déng Foto schlecht, da wars du nët no genuch drun!
gemu 02.08.2020 - 23:06
Richteg, et brauch een just nach een eenzegt Objektiv, z.B. 16mm Wäitwenkel, an du kanns dann esouguer domat am Stadion aus der läschter Reih op der Tribün e Broschtbild vum Goalkeeper machen closed_eye
Nicon07 02.08.2020 - 23:08
A wann en den Trikot rophieft, fir ze feieren, datt säi Stiermer di aaner Säit ee Goal geschoss huet, da kanns du och nach am Detail all eenzelt Hoer drop zielen...
gemu 02.08.2020 - 23:44
Hmm, do géing ech dann awer schon 18mm huelen amplaz vu 16mm closed_eye
Nicon07 03.08.2020 - 18:50
bigsmile
marker 03.08.2020 - 21:26
Intressante Verglach vun deenen zwee 'Pionéier'
Gutt verschafft a schéi gewisen, ..scho bal mat Brochürsqualtéit. I like !
Nicon07 04.08.2020 - 10:41
Merci fir d'Luef. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 374 Gäscht online