Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

eng Welt..

eng Welt..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2020
  • Gekuckt:
    66657
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f 9
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    + 2/3 EV
  • Gréisst:
    1600x645
  • Späicherplaz:
    471 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90773]
Kommentar vum Fotograf:
..fir sech, eng Äiswelt mat Pad am spéide Nomëtteg, ..d’Normalroute op d’Allalinhorn am Wallis wou sech vun ënnen lenks no riets uwen duerch d’Bild schlängelt. An der Mëtt, Richtung 3Auer ass och als donkel Silhouette eng 12 Meter héich hëlze Leeder (Bild aus dem Internet) z’erkennen wou am Juni 2017 op enger Héicht vun 3600 Meter erbaut gouw, vu dat duerch klimatesch Verännerungen ee gewaltegen Héichtenënnerscheed um Gletscher entstanen ass a praktesch net méi z’iwwerwanne wor.

Et si leider vill Detailer beim Upload verluer gangen, zemools an den offene Schieter :-(
gemu 19.08.2020 - 15:28
Eng Welt, wou's du doheem bass, ech froe mech ëmmer nees wéi's du daat faerdeg kriss, ënner deenen Konditiounen esou fantastesch Fotoe ze machen. Ech gin mol dovun aus, dass du mat enger Seelschaft ënnerwee bass an de ganzen Seelzuch net allkéiers stopt fir dass du de perfekten Bildobau kanns eraus sichen an deng Astellungen machen, vum Material schleefen scho ganz ofgesin, wëll du bass och mol matt ganz déckem Geschiir (Groussformatkamera) an denger Aïswelt ennerwee. Chapeau fir di sportlech an fotografesch Leeschtung, Marc!
marker 21.08.2020 - 17:29
Jo, eng Welt wou ech gär ënnerwee sin an et mech ëmmer nees hinzitt. But an deene leschte Joren a Vakanzen war et nees op etlech Platzen zrëck ze goen, wou ech virun ville Joren nach mat der Groussbild ënnerwee war, (wat ech awer scho säit geraumer Zäit net méi machen), vu dat daat Geschier mir entretemps vill ze schwéier gin ass.
D'Bild hei ass net wäit ewech entstanen wéi meng analog Variant mat der Groussbildkamera vu viru méi ewéi 20 Joer.
Ech huele mir gutt Zäit bei esou Touren, vu dat et mir virrangeg ëm d'Fotograféieren geet, a souwuel haut ewéi och deemols sin ech just zesummen mat menger Madamm ënnerwee, ..ausser bei méi e bëssen mei heikele Passagen, do léisst se léiwer d'Fangeren ewech closed_eye
Ech wëll awer betounen dat ech keen Alpinismus bedreiwen a genee ewéi X anerer als Tourist ënnerwee sin, a mech och kenger onnëtzer Gefor aussetzen. D'Pied sin zwar heiansdo fläicht e bessi "delikat an tricky", mat e bëssen Konditioun awer fir jiddereen machbar.
Merci villmols Georges, fir däi Luew an Appreciatioun. Eng grouss Éier fir mech !
Nicon07 20.08.2020 - 10:14
Liicht, Schied a Schéi,
Wat brauch ee méi?
Gedold, ee gudde Bléck,
Da gëtt dat wuel ee Stéck.
An ass dann d'Resultat echt staark,
Da weess een: 't ass vum Marc.

smile
marker 21.08.2020 - 17:32
Merci beaucoup Nico fir dee coole Reim. Och däi Kommentar a Luew ass eng Éier fir mech, an dat freet mech !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 270 Gäscht online