Voilà?, de Nico huet et gutt erkannt, deemno heescht et elo just nach e puer Joer ofwaarden, de Resch ergëtt sech vum selwen.
Nee am Eescht, et handelt sech em en Deel vum Grenzgletscher, a ganz glécklech sin ech och net iwwer dësen Eck am Bild, et gesäit net richteg harmonesch aus. Ech woltt onbedingt de Maximum vum Fielsblock mam Kräiz an d'Bild mat abezéien an esou blouf mir beim Cadrage net vill Choix. Dru stempele goen, oder irgend ëρρes am PS piddelen a bäipfuschen wolt ech och net, ..da léiwer eng original Vue vun der Realitéit.
Merci fir de Kommentar.
Dir geet et net eleng esou, ..mäi esou wéi et momentan ausgesäit wärt et nach e Strapp daueren éier mir dës grandios Landschaft nees an natura däerfen bewonneren.
Merci Georges fir deng Appreciatioun.
Ech verlaangeren och no den Alpen an der Schwäiz, mais schlëmmer ass, datt eisen Eelsten lo net mi zu Zürich séng Studie sur place maache kann, mais alles vun heiheem aus iwwert d'Internet. Sou hu mir dann och keng Ursaach méi, fir mol einfach sou ee WE an CH ze fueren...