Irgendwéi ass dat doten een éiwegt Motiv. Ech kann net soe, wéi dacks ech och sou Fëscher an der Owessonnsou "heemléch" geknipst hun.
Hei fannen ech flott, wéi s du d'Diagonal vum "Strand" mat agebaut hues am Géigesatz zum horizontalen Horizont (o jee, mais wéi soll een dat soss soen?) an de Fëscher am gëllene Schnëtt plazéiert hues. Mais fir wee soen ech dat? Fir déch op alle Fall net, a fir di meescht Kommilitonen hei op PG och net, mir si jo all Amateurs avertis also quasi Profien, a kennen di Bildopbau-Tricker aus dem FF... ;.)
Jop, effektiv een éiwegt Motiv, schon X - Mol an alle méiglechen Variatiounen irgendwou gesinn, ...a scho bal e bëssen Kitsch, dee mir awer mat Momenter gefällt muss ech zouginn
Frick hun ech mat der Fotografie nach kee verdéngt, vun dohier passt Amateur averti, ...ausser viru ganz ganz laanger Zäit etlech Hochzäiten fotograféiert, "just for fun", an do gung da meeschtens just Null vun Null op!
Merci beaucoup fir däi Kommentar