Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Adios Ios

Adios Ios
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.09.2021
  • Gekuckt:
    15700
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1139x1200
  • Späicherplaz:
    615 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91572]
Kommentar vum Fotograf:
Nach eng Foto op Film vum Josy Barthel Stadion, eet d'Baggeren dann irgendwa geschwënn uréckelen.

Et ass am Fong d'Resultat vun engem Challenge, datt ech di Foto hei gemaach hun.

Ech hat nämléch zwee Rollei Retro 400S am Internet kaaft an een dovunner an der Vakanz mat der Pentax 67 beliicht. Deen hun ech dunn ageschéckt, fir en entwéckelen ze loosse, mais ech krut dunn awer eng Mail vum Labo, datt et séch do em een ze aale Film géing handelen, deen hinnen hir maschinnen an d'Filmer vun aanere Cliente géing futti maachen an si mir de Film dofir géigen tel quel zréckschécken. Dorobshin hun ech gemeckert a geschriwwen, datt dee Film der Packung no nach bis 2024 gutt misst sin an si mir gefällegst solle soe, wat hire Problem ass. Du krut ech als Äntwert, datt si dee Film nët entwéckelt an och net richteg gescanned kréichen an datt si vill reklamatioune kritt hätte vu Clienten dowéinst. Weder kréische si schwarz gutt hin nach kéinte si de Film richteg scanne, wéinst dem PET-Support.

Dat huet méch dunn awer op de Plang bruecht, an ech hun deen zweete Film a méng Lomo 166 gemmach (leider hat ech schon ee Film an der Pentax 67) an hun du séier di 12 Frames verknipst. Dunn hun ech méch selwer zesummegerappt fir net ze stressen, akrut dach tatsächléch den 120er Film a méng Paterson-Dous ouni irgendwelech Schwieregkeeten. Uff! Dunn hun ech dee Film selwer entwéckelt mam Tetenal Ultrafin S a mat méngem Canoscan 90000F gescanned an dunn am Lightroom verschafft. An hei ass dann elo dat Resultat.
wuff 21.09.2021 - 19:46
Daat war jo en schéien hin an hier.
Flott diagonalen an vum Baam angerummt.
Nicon07 22.09.2021 - 16:44
Merci fi de Kommentar.
gemu 22.09.2021 - 10:59
Ech géing dir jo gäeren mäi Filmlabo ugin, mee ech sin iwerzegt dee kritt daat bestëmmt net besser hin closed_eye. Ganz flott esou e schéine Souvenir un der Stade Josy BARTHEL dee geschwënn net méi wäerd do sin
Nicon07 22.09.2021 - 16:42
Wat maachen ech mat déngem Labo? Wann dee mir keng Plüwallü bitt, da gin ech och sou eenz. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 463 Gäscht online