Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tour en Ville - 10

 
All Fotoen an dëser Serie:
47663 Thumbnail
47664 Thumbnail
47665 Thumbnail
47666 Thumbnail
47667 Thumbnail
Tour en Ville - 10
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.05.2022
  • Gekuckt:
    11944
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
    18.05.2022
  • Fotoapparat:
    Pentax Spotmatic S2
  • Objektiv:
    Takumar 1:3,5/24mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92047]
Kommentar vum Fotograf:
Et ass bal nit ze gleewen, awer di Fotoen hei si mat engem Agfa Vista 100, deen 2003 expiréiert ass, gemaach. Déi Fotoe sin tel quel, wéi se am Labo gescanned gi sin, hei ropgelueden. Just liicht nogeschärft, awer näischt un de Farwen, un der Beliichtunbg oder der Siedégung geännert.
Zora 25.05.2022 - 17:09
Schlessellach gefällt mer am Beschten smile
Nicon07 25.05.2022 - 17:22
Hätte mär lo nach ee Schlëssel fir draun! closed_eye

merci, Pierrette!
tormi 25.05.2022 - 17:56
Jo, och bei mier, hun allerdengs spontan en Spilldapp dran gesin %uD83D%uDE0A
theom 26.05.2022 - 09:41
#1 gefaellt mir ganz gudd.
gemu 26.05.2022 - 09:47
Di 1. (Titelbild) ass ganz grouss Fotokonscht, e Spill mat Liicht & Spill par excellence an daat och nach analog wou een keng 100x ka probéieren bis en gut drënner ass. Déi eleng huet Wochefotopotential durfir mäin Fav. Chapeau Nico, mega, an daat mat engem 20 Joer aale Film!
Nicon07 26.05.2022 - 10:03
Merci, Georges. Dat Luef do aus beruffenem Mond, mécht ganz vill Freed. Grad sou wéi de Fav an déi virtuell Wochefoto.

Hei hun ech souwisou spontan ofgedréckt, wéi dee Mann mam roude Pullover um Velo laanscht gefuer ass. Grad sou hun ech et ënnert der Neier Bréck gemaach, wéi do eng Fra mat roudem Pullover um Velo laanscht gefuer ass. Do koum mir d'Iddi, di Serie hei ze maachen mat der Farf roud als élément commun. An d'Bewegung. Ok, bei der Charly's Gare hätt ech kéinten op een Tram warden, da wier et nach méi kloer gewiescht. Dofir fiert jo awer rechts ee Velo an d'Bild. Mais normalerweis wëssen di meescht hei um Site, datt dee Kiosk/Pop-up-Store mol viralscht (schéint aalt Wuert, dat ee misst nees an de Sprochgebrauch huelen... closed_eye ) eng Halt war.
theom 28.05.2022 - 16:43
Déi 1t an déi 2t sinn TOP.
marker 29.05.2022 - 14:11
Eng flott Zesummestellung vun de Biller, a mäi perséinleche Favorit ass ebenfalls d'Titelbild. Intressant a virun allem bemierkenswäert ass d'Qualitéit vun de Biller wou mat engem 20 järegen Film opgeholl goufen, an zemools ee Faarffilm. Gutt esou.
Nicon07 29.05.2022 - 14:40
Merci, Marc!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 307 Gäscht online