Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Golden Lady @ Winterlights

 
All Fotoen an dëser Serie:
47933 Thumbnail
47934 Thumbnail
47935 Thumbnail
47936 Thumbnail
Golden Lady @ Winterlights
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.11.2022
  • Gekuckt:
    7183
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    30.11.2022
  • Fotoapparat:
    NIKON D750
  • Objektiv:
    AF-S 24-120 f/3,5-5,6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92365]
Kommentar vum Fotograf:
Ech kann et nit loosse, wann ech dann eemol an d'Stad rofgi, fir d'Gëlle Fra an nei Kontexter ze setzen.
tormi 01.12.2022 - 13:27
Hehe, den Kleeschen, deen aalen "Schwerenöter"

flott an Szene gesaat
Nicon07 03.12.2022 - 11:20
Dat ass de Santa Claus, an nit de Kleeschen. Also fir sou eppes engem Nicolas ze schreiwen, dee séch wéi ee Schokelasmännchen op säi Namensdaag en Daschdig freet, dat ass schon ee starrekt Stéck! closed_eye


Woubei, Santa Claus an Nikolaus, also Nike Laos, de Vainqueur du Peuple, ech mengen, dat ass awer een an dee selw?chten.

Merci fir d?i Kommentar, Tom.

BTW, als Thomas, (dee jo der Geschicht jo ?ischter skeptesch ass), gleefs du eigentl?ch un dee Mann vu Myra? bigsmile
tormi 03.12.2022 - 15:41
Hmmm, mein leiwen Nikoklaus,

fier secher ze sin hun ech dun awer nach emol nogekuckt, net dass ech eppes verwiesselen closed_eye op jiddferfall sin ech begeeschtert vum Nikolaus sengen Legenden an hun gudd gelaacht. An nee, ech sin eichter en Amateur vun zB engem Karlheinz Deschner waat dei Thematik ugeet ... pass jo dann och zu mier (argh, Widdersproch!!!)

Dann hoffen ech, dass du den Densden dein Boxemännchen kriss an dass et net zu engem Coup monté kennt wei deemols um Bierg
Nicon07 03.12.2022 - 15:55
Ech hu mäi Boxemännchen schon elo an der Mëttestonn vu ménger "gëllener" Fra gebak kritt. Dat ass scho gebongt.

Ah jo: Ech sot näischt vu Gleewen am kirchléche Sënn, ech hu gemengt: gleewen un de Kleeschen, sou wéi mir dat als Kanner gemaat hun. Well wat dat Kirchl?cht Gleewen ugeet, sin ech och op dem Deschner sénger Linn, mais dat gehéiert elo nit heihinn.
tormi 03.12.2022 - 16:20
heihinn

dann ass daat jo mol geklärt ...

daat aanert war eng flott Zeit, meng eegen an och den Kanner hier
Nicon07 04.12.2022 - 10:45
War? Dat ass dach och haut nach eng flott Zäit. Wat ee méi aal gëtt, wat et méi schéin ass. Grad ebe, well ee weess, datt et alles fake ass, kann een et dach sou richteg kraache loossen, oder éieren nit? bigsmile

Also mir stellen den Teller wéi all Joer, dekoréieren en dann ëm Hallefnuecht, a gi moies an d'Stuff a freeën eis, wéi wa mir guer näischt mat dem Dressage vun deem Teller ze din hätten. An eis Lëmmele vun ënnen an di 20 maachen dat begeeschtert matt. Eemol am Joer duerf een dach séch goe loossen, oder? :p
tormi 05.12.2022 - 10:00
moment, du hues vun der Zeit wou mier drun gegleewt hun geschwaat, daas mier Doheem haut nach den Schong stellen ass selbstverständlech.
Nicon07 05.12.2022 - 14:11
closed_eye

Da sin ech elo berouegt!
gtaddei1 03.12.2022 - 12:19
De Gelle Kleeschen..
Nicon07 03.12.2022 - 15:12
Sou kann een dat och gesin! Merci, Gennaro.
tormi 03.12.2022 - 15:40
...vertippt ...
Nicon07 03.12.2022 - 15:56
??? Whut? Wuerhinner passt dann dëse Kommentar elo genee?
gemu 09.12.2022 - 20:18
The Golden Lady Quartett, di 4.ass grandios, se erennert drun wei d'Lady de "Luxembourger" de Réck gedréint huet an hir Weltreess op Shanghai ugetratt ass
Nicon07 11.12.2022 - 21:26
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 306 Gäscht online