Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Och e blannt Hong fënnt ...

Och e blannt Hong fënnt ...
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.12.2022
  • Gekuckt:
    12200
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    867x1300
  • Späicherplaz:
    165 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92377]
Kommentar vum Fotograf:
... emol säin Här
Paul-H 10.12.2022 - 19:27
Super Foto, ass et lang setzen bliwen ? smile
suraki 11.12.2022 - 19:24
D'ass duer gangen fir eng Serie ze schéissen Pol bigsmile
pixelman11 10.12.2022 - 20:22
Hei den Denis mat Hong smilesmile
suraki 11.12.2022 - 19:25
Ech hunn en och nach mat zwee Hénger bigsmile
tormi 11.12.2022 - 10:42
oh, waat ass ët eng gemitterlech Pëll
suraki 11.12.2022 - 19:26
Effektiv ech hunn eent kannt dat ass d'Leit ugesprongen.
Paul-H 12.12.2022 - 00:19
Gratuléieren zur WF. Och wann et alt rem eng Kéier déi eenzeg wielbar war, waat deng Foto zwar net schmälert mee mir ze denken gett op ech hei nach soll weider maachen.
tormi 13.12.2022 - 19:51
Ech gin dier net Onrecht an dest Thema ass schon virun net allzelaang beschwaat gin. Et ass net wierklech eng Wahl wann een just eng Meiglechkeet huet. Deen Moment wier et baal mei einfach dei Leit dei decideieren waat als Wochenfoto an Fro kennt, giffen selwer entscheeden wei eng Foto gewennt ... wier awer och net spannend ...
Ob där aanerer Seit, wann een sech duerch d'Wochenfotoen klickt ass et schon flott well et e ganzen Koup verschidden Themen sin dei hei während enger Woch op der 1. Seit ze gesinn sin.
Bah, eppes ass kloer, en Grond fier opzehaalen ass daat fier mech net.
suraki 13.12.2022 - 22:17
Tormi a Paul, hun elo gesinn, dat d'Bild als WF gewielt ginn ass. Als eenzegt Bild dat do konnt erausgesicht ginn, ass net vill mat bretzen dran Wann ech nach emol eppes sollt weisen, iergendwéi mëscht et kee Spaass méi, wäert ech dee NetWochenZip do uklicken.

Mä ennert eis elo tongue ech komme jo net méi esou oft de Sitt den elo vis a vis vu viru Joren zimmlech dout ass, a wollt et awer nachemol erëm probéieren ... mol kucken wéi et hei weidergeet.
pixelman11 14.12.2022 - 19:19
Nee Spaass ass dat hei net Edy, ech setzen alt emool eng Foto hei drop wann ech neischt besseres ze din hun, bon hei sin e puer Leit déi sech enereneen mat techneschem Gedöns ganz laang kennen enerhaalen, menges ass dat neischt an vill aaner kenne neischt domat ufänken.
tormi 14.12.2022 - 19:30
Schued, dass den Site "doud" ass .. leit jo eigentlech just un den User (ass leider net deen eenzegen Site deen zimmlech träge ass ...). WF ass en flotten Nieweneffekt, an ech fier mein Deel sin schon emmer frouh wann eng vun mengen mat an d'Course gescheckt get ... mä waat mech am meechten freet ass eng Reaktioun op eng Foto dei ech hei hin setzen. Och wann et gudd deet, muss dei Reaktioun net onbedengt positif sin, eng Kritik oder en Tipp fier eppes besser ze maachen (ech widerhuelen mech) hun ech grad esou gär.
Fier dei Leit dei hei mat techneschen, haaptsächlech komeschen Filmer an Entwecklungsmethoden schaffen ass daat och ganz ok, verstin neicht dovun, liesen mech doduerch an probeieren un den Fotoen daat erem ze erkennen waat beschriwwen gouf ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 297 Gäscht online