Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Vugelsmillen

All Fotoen an dëser Serie:
48008 Thumbnail
48009 Thumbnail
48010 Thumbnail
Vugelsmillen
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.02.2023
  • Gekuckt:
    11622
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    29 01 2023
  • Fotoapparat:
    r5
  • Objektiv:
    rf28-70
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
eng Koppel kaal Ouren

Fir anzesetzen: [pg_img=92463]
Kommentar vum Fotograf:
D'Vugelsmillen teschent dem Mellerdal an dem Grondhaff ass emmer nees eng flott Plaatz fier üben ze goen. An desem Fall Waasser an LZB ... et ass keen grousst Geheimniss wien mech do inspireiert huet ;)
Nicon07 07.02.2023 - 19:07
Flott Serie. Mais den Nummer 3 gefällt mir am beschten. D'Startfoto inspiréiert méch elo net sou vill. Dat Holz do brécht d'Bild a mécht et irgendwéi onroueg. Ech hu mol mat Pabeier um Ecran de Cadrage méi engk gemaach, sou datt lénks d'Foto just ënnert dem Baanstammm, deen an der Diagonal ropgeet, ophält. Sou huet se fir méch méi Effekt. Mais bon, dat ass adG an du bass Här a Meeschter iwwert däi Cadrage. closed_eye
tormi 07.02.2023 - 21:14
den "Mikado" deen sech hei zoufälleg zesummengestallt huet, wollt ech tatsächlech esou hun, well, och wann sech nach ëmmer d'Waasser erfier deet ass et awer d'Holz waat ech probeiert hun an Szene ze setzen (hätt kënnen dei Lomp an der Mëtt ënnen ewechstempelen). Cadrage, eng richtungsweisend Diagonal vun lenks ënnen no riets erop an dann deen Koup an der Mëtt deen d'Richtung (no riets) ënnerstreicht.
Awer gudd, ech huelen dein Gedanken mat an probeieren daat mol ëmzestezen.



Merci Nico
wuff 07.02.2023 - 19:20
Ganz flott Serie
tormi 07.02.2023 - 21:04
merci wuff smile
Paul-H 07.02.2023 - 21:27
Super gin. Also ech hun en Aaf un der 3ter gefriess.
tormi 07.02.2023 - 22:42
Merci Paul smile

freet mech

(caramba! nees op der falscher Plaatz ...)
Paul-H 08.02.2023 - 14:16
Hun et awer gesin, gär geschidd smile
Paul-H 13.02.2023 - 12:08
Gratuléieren zur WF.
tormi 13.02.2023 - 12:37
Nach emol merci smile
marker 14.02.2023 - 15:28
Ech gesinn du bass och do erof gekraxelt, an et huet sech jo och gelount. Flott Serie hues de hei zustane bruecht, a besonnesch cool fannen ech dat vun dëser flotter Platz zwee Mol eng Wochefoto hei um Site dobei eraus koum.
tormi 14.02.2023 - 22:30
E bessi Action muss jo awer sin ... ( e bessi den Wee eran ass shon guer net mei esou schwiereg closed_eye )
Merci Marc, unerkennend Wieder vum Waassergott free'en mrch besonnech.
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 252 Gäscht online