Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

World Balloon Trophy 2007

 
World Balloon Trophy 2007
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.07.2007
  • Gekuckt:
    57410
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    53
  • Beliichtungszäit:
    0.7
  • Blend:
    f/5,6
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x864
  • Späicherplaz:
    261 KB
  • Originaldatum:
    28.07.2007
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
2. Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=20616]
Kommentar vum Fotograf:
Den Night Glow.

Fir eng gudd Platz ze kréien hun mir eis schon baal zwou Stonnen virdrun installéiert an ech hun d'Stativ alt schon opgeriicht.

Drop klicken.

(D'Photo as op den RCM Ballon ausgeriicht.)
Neckel 29.07.2007 - 14:28
Super agefaang ... hmm mee ech hätt trotzdem d'Foto op den "Horizont" geriischt, geseit sou aus als giff se no lenks kippen ... :/ Oder gesin ech do eps wat net ass ? ..
ChLo 29.07.2007 - 14:35
Ech haat se nach eng Kéier nogeriicht an den RCM Ballon als Bezug geholl. D'Insel (Horizont) konnt ech net huelen, well daat e klengen Hiwel as, duerfir hun ech mech fir de Ballon entscheed. Wann ech se méi no rechts dréien, dann wirkt den Cegedel Ballon zwar méi riicht, mee all déi Aner gesinn dann schief aus.
Neckel 29.07.2007 - 14:35
Io ok dann hues de dat bescht rausgeholl smile
FranzMacN 29.07.2007 - 14:36
Flott Foto.
Ech mengen se ass schon riicht. De Sprangbuer get riicht erop. Dei gespigelt Balloen sin richt drenner. D'Insel huet eng speziell Form dei vlaicht dei optesch Illusioun get.

mfG
Franz
Shantideva 29.07.2007 - 14:30
Absolut Geil!
ChLo 29.07.2007 - 16:46
Merci.
Sam 29.07.2007 - 14:35
Absolut Megaa! Einfach genial sin total begeechtertsmile
ChLo 29.07.2007 - 16:48
Merci Sam. smile
Knolles 29.07.2007 - 14:51
/removed/
ChLo 29.07.2007 - 16:43
Merci Knolles,

Déi Wolleken kommen vum Freedefeier, sie sin nach duerch Beliichtung verstärkt gin.
Dogengt konnt ech neischt machen, ech hun nach Photoen, wou keen Damp drop as, mee do as dann och keen Freedeféier, oder ett as net sou flott/grous drop geroden.

Knolles 29.07.2007 - 16:46
/removed/
ChLo 29.07.2007 - 16:50
Mol kucken,

Villeicht nach déi eng oder aner nach vun Mëttes.
Mee déi kommen awer net un dëss erun.
Knolles 29.07.2007 - 17:13
/removed/
ChLo 29.07.2007 - 19:24
Ups, ech haat dech doo dann falsch verstaan.
Ech sin och op d'Photoen gespaant, well ett as ganz vill ze kucken gin.

Ech war dësst Joer fir déischt do, war awer bestëmmt net déi läschte Kéier.
CANON 29.07.2007 - 15:03
Eng supper Foto..alles stemmt hei an eng 10/10 ass vir alles.....Kadrage, Bild Opbau,belichtung ...je (sau gutt)
ChLo 29.07.2007 - 16:43
Merci René,

Daat freet mech smile
galileo 29.07.2007 - 16:36
Excellent !
ChLo 29.07.2007 - 16:50
Merci.
Jay89 29.07.2007 - 18:51
wirklech mega an dei reflektiounen einfach alles *daumenhoch*
ChLo 29.07.2007 - 19:26
Villmols Merci, freet mech wann gefällt. smile
Fesch 29.07.2007 - 18:59
Ech fannen den Hannergrond komescht... Wéi wann deen nodréigelech verännert ginn wir. Misst d'Spiegelbild vun de Ballon'en am Waasser net e bessi méi "smoth" verlaafen?
ChLo 29.07.2007 - 19:32
Merci.

Deen Damp war sou do. D'Waasser och, ett war bessi Want deen Wellen gemach huet. An ett as e Boot (warschéinlëch mat Leit vun der Presse) do virdrun hin an hier gefuer, daat war och net besonnëscht gudd fir e glaat Waasser mat engem schéinen Spiegelbild ze kréien.
Mee trotzdeem eng impressionant Show, kann ech nëmmem roden d'nächst Joer kucken ze goen.
Fesch 29.07.2007 - 23:05
Jo, jo ... ech war jo selwer do.

Meng eng Fro: Wéi hues du et hikritt, fir datt d'Insel schwaarz erauskennt?

Dat d'Balloën super erauskommen stellen ech jo guer net a Fro. Dat läit op der Hand smile ...

... mech stéiert eben just déi schwaarz Partie.
fotofab 29.07.2007 - 19:01
Fantastesch!
Spiegelung vum Frédefeier ass duerch d'Wellen am Wasser och net schlecht. Super Farwen, awer och "the black is beautiful".
ChLo 29.07.2007 - 19:33
Merci smile
OK-Photography 29.07.2007 - 19:05
hmm...beis....kint een baal soen mat dä doter wier alles gewissen...cool
meng sen aus engem anren wenkel geholl an mengn daat GANZT hun ech nik sou gudd rop kritt...
muss se awa mol na sorteiren an dan kuknsch op an waatfreng ech uploaden...closed_eye
dei dooten as op allefall IMENS propper,scharf an supper cadreiert! schein!!
ChLo 29.07.2007 - 19:37
Do wou mir stoungen waren tonnen Leit, ech sin frou datt ech schon virdrunn den Terrain markéiert haat an d'Stativ opgeriicht hun, well dono wär daat net méi dran gewierscht. smile

Sin op deng Vue gespaant.
OK-Photography 29.07.2007 - 19:39
hehe...hun och stativer sou gesin do stoen...mir (Arockalypse+me) hun awa na eng plaatz font ghaat wou jidfreen fun ons jeweils NEMMEN EEN kapp firdru haat...cool
kukn se grad duesch...closed_eye
ChLo 29.07.2007 - 19:43
Do haat ech méi Chance. Ech haat just kleng Kanner virdrun sëtzen, déi um Stativ "geturnt" hun. smile
Jean-Jos 29.07.2007 - 19:58
Gefällt mer gutt, bis op d'Faarwen, déi ech e bësse kaal fannen (ass a.d.g.);
op der lénker Säit vum Bild huet een d'Gefill, wéi wann Sträich oder Beem sténgen: wann dat esou ass, hätt eng e bësse méi lang Beliichtung do eng Grimmel Zeechnung dra bruecht an d'Bild hätt méi Déift kritt, mee dat ass 'leichter gesagt als getan', ech weess (a vläicht interpretéieren ech dee Schied falsch...)
riicht ass se fir mech: op esou engem 'akzidentéierten' Ufer fannen ech kann ee kee riichte Stréch zéien,
ChLo 29.07.2007 - 21:40
Villmols Merci fir dein unreegenden Kommentar.

Op der lenker Seit, déi méi längelsëch Sachen, waren sou eng art Fändëlen, déi se do op der Insel opgeriicht hun. Op dem Original erkennt een ett besser, wéi lo hei op der Versioun mat der méi klenger Opléisung. Och d'Leit déi bei de Ballonen op der rechter Seit kommen besser eraus.

Daat méi kalt as bewost gemach, e Cooling Filter (16%) am PS. Haat mir lo besser gefall, mee du hues recht, ett as a.d.g.
steel 29.07.2007 - 20:16
Moien

Do as einfach alles gesoot
Respekt
super
proper...

merci
ChLo 29.07.2007 - 21:40
Merci steel smile
gloda 29.07.2007 - 23:18
Ganz flott Foto, mee méng Topfoto Stëmm get et net, well se effektiv ronn 1,35° CCW kippt, an dat stéiert. Wanns de weess dass d'Waasser horizontal verleeft an d'Linn tëschent dem Original an der Spigellung am rechten Wénkel zum Waasser verleeft kanns de d'Foto ouni weideres perfekt ausriichten, z.B. um Waasserstrahl hannert dem LuxGSM Ballon. D'Ballon'en selwer, ouni hir Spiggelung, bidden jo wéinst der Loft keng verlässlech Vertikal Linnen.
ChLo 29.07.2007 - 23:32
Merci fir d'Erklärung.

Ech haat lo bessi gebraucht, mee ech hun se lo verstaan, wéis du ett gemengt hues fir auszeriichten, mee ech sin nach net sou iwerzeegt op daat genee gett, well ech wees net op déi Fontain 100% riicht an d'Lucht geet, wéinst dem Wand an och op se riicht opgestallt gin as. An och d'Spigelung am Waasser as duerch d'Wellen net sou einfach richteg ze bestëmmen.
Ech hun ett mam Original mol probéiert (kommen op 1,12 Grad). Ech sin mir awer net secher op daat lo besser soll sin?
gloda 30.07.2007 - 00:32
Op d'Fontän riicht as oder net as egal. D'Spigelung as ëmmer am rechten Wénkel zur Waasseroberfläch. Wann déi lo en bëssen Wellen huet kann d'Resultat alt 0.10 grad variéieren, mee dat as jo schon méi genau wéi 1 ganzen Grad. Ech hat se emol rofgelueden an sou gedréint an et huet awer vill vill besser gewierkt.
JADE 30.07.2007 - 01:18
wann een wees wéi schwéier ët ass bei deem Sujet Fotoen ze machen déi nët verwackelt sin, trotz Stativ, (ech wees ët nët, mee ech kann mir ët ganz gutt denken closed_eye ... ) an déi esou gutt ausgesin wéi dëss, vun den Faarwen, vum Cadrage an vun der gewellten Spiggelung hier ... dann kann een soen, dass daat eng extrem gutt gemachten Foto ass ...
gesin och, dass se kippt ... waat awer näischt un der Qualitéit selwer vun der Momentopnahm eweghëllt, mee éischter (just) un der Presentatioun vun daer Momentopnahm ... daat stëmmt ...
dofir, fir d'Riischten vun der Foto, daat ass bestëmmt just nach eng "kleng Knëschelerei" déi e puer Minutten dauert oder och manner ...
trotzdem, se ass fir mech immens gutt esou ...

cependant ChLo ---> daat kriss du och nach hin ---> dh. den Tëtonguepelchen op den I ze setzen fir se Top-Perfekt ze machen ... closed_eye))
ChLo 30.07.2007 - 07:15
Merci JADE,

Ech haat mein Photoapparat mat der Waasserwoo ausgeriicht, wéi ech d'Stativ opgeriicht hun an ett nach hell war. Op ett nach riicht stoung wéi ett lass gang as an schon ettlëch Kanner lanscht geturnt sin, wees ech net, well ett dunn jo schon deischter war an ech net méi d'Waasserwoo kontroléiert hun/konnt.

Dono hun ech se dunn um MAC ausgeriicht an eben e Bezuchspung ausgesicht. Ech hun mech fir den RCM Ballon entscheed, well ech och do schon d'Photo scharf gestallt haat.

Bei enger nächster, änlëcher Situation huelen ech dann dem golda seng Method fir den Bezuchspunk ze wiehlen.
Ech sin him Dankbar, datt e mech drop opmirksam gemach huet, well sou hun ech eppes beigeléiert, wou ech net sou weit geduecht hat, an daat as jo och den Sënn hei bei PG smile
JADE 30.07.2007 - 10:20
mee ët geet jo awer fir ët im Nachhinein nach artifiziell hinzekréien, oder nët? ...
daat wollt ech nämlech an engems och nach wëssen/bäiléieren ... closed_eye
ChLo 30.07.2007 - 10:40
Dach daat geet, souguer zimlëch einfach.

Den Masterpii huet do e super Tutorial "aus schief get riicht" geschriwen, deen as wirklëch Gold wert.
Trigger 30.07.2007 - 07:31
hät kéinten bëssen ausgeriicht gin!
soss TIPTOP

9 points
ChLo 30.07.2007 - 07:57
Merci Trigger.
yoshi 30.07.2007 - 12:43
super flott foto, mee leider ass den horizont net riicht. geif daat nach enneren, bei sou enger gudder foto, do ass et der wert tongue
ChLo 30.07.2007 - 13:01
Ech riichten se dann sou wéi den gloda schreiwt (1,35° CCW).
Soll ech se dann nach eng Kéier erop lueden?
JADE 30.07.2007 - 13:04
an wéi!
CANON 30.07.2007 - 13:36
Wans de daat wels machen , dann ass den "Waaser STRAHL AN DER METT NETT MEI RICHT????????"
yoshi 30.07.2007 - 16:11
hm dach, dann ass en na mei riicht closed_eye en gesait zwar sou riicht aus, huet mech och gewonnert, dofir hun ech probeiert, an dono mam lineal gekuckt, dono ass en mei riicht closed_eye optik ass erstaunlech
Knolles 30.07.2007 - 23:24
/removed/
yoshi 30.07.2007 - 16:05
ech hu lo net gekuckt weifill grad mee wann den gloda dat seet wert et wuel sou sin smile ech geif se op allefall na eng keier roplueden, deng entscheedung smile ehm... awer CW dreinen, net CCW
cyber 30.07.2007 - 13:48
gefällt mer ganz gudd
ChLo 30.07.2007 - 14:00
Merci Mike smile
renzo79 26.10.2010 - 13:16
Spektakulär!
ChLo 26.10.2010 - 15:27
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 246 Gäscht online