En scheint motiv! Leider bessen rauscheg, an fehlt fir mech bessen un schärft... naja, keen wonner mat sou enger blend... Mee bon, du bass entschellegt, mat deem apparat kann een d'blend jo net anstellen, oder?
Hehe, genau do soutz ech och schon.
Rolacro, bei P&S Kamera'en as den Sensor méi kleng, also sin d'Blendwerter net equivalent mat denen vun DSLRen. En gudden Trick fir bei Nuetsfotoen Rauschen erauszekréien, wanns de en Stativ dobäi hues: Maach d'Foto 4 mol. Maach déi 4 an engem Bearbeschtungsprogramm als Layer iwwerteneen. Den Background bleiwt op 100% Opacity, den Layer 2 driwwer op 100/2=50% Opacity, den Layer 3 op 100/3=33% Opacity, 4 op 25% an wanns de nach méi Fotoen hues, ëmmer sou weider. Sou annuléiert den Schnéi aus den eenzelnen Fotoen sech géigesäiteg.
Ganz interessant! Dat wier jo gudd als Tutorial...
Zu der Foto... wéi schon gesoot, ass d'Motiv ganz flott. Den Grond ass souwiesou een ganz flotten Eck fir Owes Fotoen ze machen. Me du kanns et jo mol mat dem gloda senger Method probéieren.
Gloda, hun ech eppes verpasst? Blend blewt blend, egal wi grouss de Sensor ass. Wanns de bei Bend 5.6 bei enger Digicam 1/30 kriss (just als beispill) da kriss de bei der SLR genee daat nemmelcht!